Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Owesstemmung

 
Owesstemmung
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2009
  • Gekuckt:
    44270
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1023x688
  • Späicherplaz:
    376 KB
  • Originaldatum:
    2009:08:19 23:31:44
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:
Lr + Ps

Fir anzesetzen: [pg_img=38694]
Kommentar vum Fotograf:
gloda 20.08.2009 - 00:49
Déi hei fanen ech méi interessant wéi déi aner. D'Silhouetten fannen ech méi flott well dat wat een bei der anerer Foto vun der Persoun un Détailer méi gesäit net vill zur Stëmmung bäidréit. Hie kann een sech nach dobäi froen wat d'Verbindung tëscht den zwee Leit as.
pixelfern 20.08.2009 - 07:43
Merci vir dein kommentar
OK-Photography 20.08.2009 - 01:24
top Opbau an schein Faarwen!
(straift fir main Gout haarscharf um Kitsch laanscht...mengn den Bildopbau as daat waat et rett closed_eye)
wei Gloda awa seet wier eng sichtbar -Verbindung- zwescht dene zwee secher na besser gewiecht...Hänn an der Täsch gsait bessi.......faul aus? tongue
huet epps... closed_eye
pixelfern 20.08.2009 - 07:40
Merci vir dein kommentar
galileo 20.08.2009 - 07:49
Schéi Stëmmungsfoto - genau sou soll déi ausgesinn.

Just eng Fro: sin déi 3 Möwen wirklech dee Moment do geflunn ?? Wa jo, dann haas du nawell Chance closed_eye
pixelfern 20.08.2009 - 09:13
hat keng chance mee dofir get et jo photoshop smile
Fesch 21.08.2009 - 10:40
Gutt datt et der 3 sinn an net nemmen 2 oder 4 closed_eye
Poly 20.08.2009 - 13:03
fannen déi Foto gelongen, well och eng Ausso dran dass, (elo kënnt erëm meng Fantasie an d'spill), dat et eng Koppel ass déi do stinn ouni sech ze wéi et klassesch ass zesummen ze drëken, fannen éischter dat dat "tempo passati" ass, an déi näischt méi vun romantesch halen, well sos fir d'Foto an mengen wierklech Kitsch fir....smile
Jean-Jos 20.08.2009 - 13:15
D'Foto gefällt mir och ganz gutt: wéi ech se de Moie fréih fir d'éischt gekuckt hun, hun ech gemengt et géif ee méi Detailler bei de Persoune gesin, awer vläicht verwiesselen ech lo mat däerer anerer; fir de Räscht gesin ech et och e bëssem esou wéi de Poly mat den 'tempi passati': gutt gemacht!
Kleent 20.08.2009 - 18:07
ganz schéin festgehaal! Witzeg daat dei zwee baal d'selwescht do stin smile
mOnsterbUg 20.08.2009 - 18:17
einfach cool dei Zwillingen, ... wei lang hues de do op dei Vullen gewaart!
kola 20.08.2009 - 20:38
Ganz schéin smile
No_Saint 20.08.2009 - 22:12
Flott Kompositioun, et ging ee sëch gär derniewt stellen an d'Mierwaasser ronderëm d'Féiss plätschere loossen.
Jeanny 21.08.2009 - 06:58
sou wei se ass fannen ech se wonnerbar, e scheine Bildopbau
romor 21.08.2009 - 10:53
Gäil Steemung! déi 3 Vigel - Möwen? - gefalle mer extra
pixelfern 23.08.2009 - 16:02
merci vir aer kommontairen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 340 Gäscht online