Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Parking uniforme...

Parking uniforme...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.06.2009
  • Gekuckt:
    31553
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    337 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37506]
Kommentar vum Fotograf:
... uniform wéi eis Autoslandschaft... haaptsächlech gro...
JADE 30.06.2009 - 01:49
dofir hun ech (endlech) een knallrouden smile
(ech wollt awer een Kiischtenrouden, ass ët awer nët gin an daer Marque unhappy )
an den Parkingen fannen ech en direkt erëm, well ech verhaalen mir d'Buchstaawen an d'Déieren nie :S

déi Foto gefällt mir richteg gutt, och well deen schwaarzen VW méi erausstëcht an deem groen Mier
Jaycee 30.06.2009 - 23:58
An déi hu keng kiischteroud Farw bei Volvo? Daat wonnert mech awer... surprised
Ech haat och mol e puer knallroud Autoen an de schéinsten vun allen awer och de problemateschsten (dofir hun ech en no 2 Wochen erëm verkaaf) war déi Volvo P1800... och nach als Simon Templar Volvo bekannt...
JADE 01.07.2009 - 01:20
een P1800 ... aha ... hmmmm ... ma, ech gin dann schon emol Googlen, ne ... smile


Edit:
http://www.forum-auto.com/uploads/200307/tifon_250...
... oooh woaow!! genau esou géing mir gefaalen bigsmile
Jaycee 01.07.2009 - 15:09
Jo, genee esou war ën... d'Uerversioun made by Jensen, mat der gedeelter Stoussstang déi wéi Kouhaaren ausgesin hun, allerdëngs mat aanere Riëder... No baussen e Blender awer ënnert dem Blech rotzfaul a mat verschiddenen technesche Problemer... unhappy
antoine_spautz 01.07.2009 - 13:04
an vum P1800 bass du ob den grengen hond (tr7) komm closed_eye
ech fannen den P1800ES esou herrlech schein

focomat weinie?
Jaycee 01.07.2009 - 15:16
Op de grengen Hond sin ech eréischt nom lëschte Vikinger komm... enger 144E (mam Injectiounsmotor vun dem P1800E respektiv P1800ES...

de Focomat... well whenever you want... schëcken der nach eng PN an dem Zesummenhang...
antoine_spautz 01.07.2009 - 17:18
ech hun mat den johren een grousst herz vir schwedech autoen krut, virun allem saab, et waren speziell autoen vir speziell leit (technikverleiften leit dei aanecht denken) esou wei dat bei lancia an der zait och war.

ech hun nach een 900ter turbo, deen get viraussichtlech 2010 restaureihert, deen hurt an mengen aan grousst potenzial vir een gesichtenen klassiker zegin.
Jaycee 02.07.2009 - 12:14
Du bass der jo bewosst dass de Motor vum Ur-900ter vum grengen Hond oofstaamt...closed_eye
antoine_spautz 02.07.2009 - 12:43
jo den 99er hat een moto deen vun british leyland an saab zesummen entweckelt gouf (1.7l an 1.85l) den 2l mist awer ob der mecht vun saab gewurs sin oder?
Jaycee 04.07.2009 - 00:24
British Elend, pardon Leyland huet den Design u SAAB verkaaf, a SAAB huet en no a no weider entwëckelt. Et war uersprünglech en 1800er den ët fiir d'éischt an der Triumph Dolomite gin ass. Duerno ass en op 2 Liter opgebuert gin a mat enger 16 Ventil culasse am Dolomite Sprint agesaat gin. Am grengen Hond ass et den 2 Liter just mat der 8 Ventil culasse ginn (leider)... Bei British Elend war domat d'Entwëckelung eriwer a bei SAAB sin se weidergefuer, bis se a spéidere Joeren (nom merger mat GM) Opelmotoren verpasst kruuten....
antoine_spautz 04.07.2009 - 11:34
ah dat ass gud zewesen, dat no der iwernahm vun gm d saaben opel-motoen kruten stemmt net ganz well den 2.3l block ass nach een richtechen saab moto.
JADE 04.07.2009 - 11:42
hutt dir gemierkt? ...
ech hun mech schon lang aus dem (auotechneschen) Stëpps gemach bigsmile

closed_eye

villäicht wann ech wéist waat een grengen Hond ass, kéint ech erëm aus dem "Koma" erweschen ... bigsmile
antoine_spautz 04.07.2009 - 12:55
den grengen hond ass een tr7 (dem jaycee sein tr7 war greng)
Jaycee 04.07.2009 - 12:58
Wollt ech lo graat soen awer den Här Spautz war méi schnell... hei ass de grengen Hond TR7

Komm erëm Jade, an ziël eis ëtonguepes vun denge Volvoen... du hues hei en ex- an aktuelle Fan vu Vikingerautoen...
JADE 04.07.2009 - 15:53
ech kann awer näischt méi zielen vue que dass ech Volvo ontrei gin sin ... unhappy
mee elo verstin ech wéinstens e bessi méi waat dir hei babbelt closed_eye ... also just e bessi, ne
Jaycee 05.07.2009 - 00:16
daat mat dem erziëlen muss jo nët onbedingt am présent sin closed_eye passé simple a passé composé sin och ok... smile

P.S. ech héieren ëmmer gaer Geschichten aus vergaangenen Zäiten...
Jeanny 30.06.2009 - 07:13
geseit herrlech aus
ChLo 30.06.2009 - 09:08
Super Photo.

Has du gudd gesin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 603 Gäscht online