Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sportler Portrait

 
Sportler Portrait
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.01.2009
  • Gekuckt:
    48062
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    611x800
  • Späicherplaz:
    192 KB
  • Originaldatum:
    2009:01:03 19:59:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=32768]
Kommentar vum Fotograf:
Héi en Versuch un engem Sportler-Portrait. Waat mengt dir?
Sinn gespaant
GrAl 09.01.2009 - 14:48
Sportfotoen an enger Hal sin eng aner Kategori ewéi Fotoen am fräien.
An dem Senn ass deng Foto der gudd gelongen. Si ass schaarf an kloer. Obschons ech mech froen wéis de dat faerdegbruecht hues mat nemmen 800iso. Hues de vill nogeschafft?
wuschel_lux 12.01.2009 - 08:59
Ma merci mol fir däin Comment. Jo den ISO 800 ass schons Limite gewiecht, den Gros vun den Fotoen ass och mat ISO 1000-1600 entstaanen. Héi wor nach beim waarmspillen, wou ech e puer Saachen probéiert hun. Ech hun se e bessi ophëllen missen, mee waat erstaunlech wor, se war awer relativ hell.
Naturknipser 09.01.2009 - 15:32
Ass net schlecht mee 800 ISO 1/400 an f3,2 - dann hues de op d'mannst eng Blend opgehaeéét oder du wars an enger aanerer Haal wéi ech :o))

Wann ech meng EXIF'en emrechnen (1600 ISO f2,2 an 1/500 bis 1/640 dann hues de +/- 1 1/3 Blend missten noobeliichten - dat gett jhust mat RAW ouni katastrophal Qualitéitsverloschter. Dat géif och déi Artefakten erklären (déi allerdengs och kenne vum Nooschaerfen kommen wéi en GrAl scho soot. Am beschten direkt richteg beliichten, meng Kamera'en dréinen an der Haal nie enner 1600ISO, da get d'Bildqualitéit nach besser.

Ciao, G.
GrAl 09.01.2009 - 16:37
Richteg beliichten ass eben sou eng Saach an der Hal... ennert 1000 oder 1250 ISO leeft bei mir näischt an iwert 1250... naja, dat wëll ken gesin smile Dann muss et nach zimmlech hell sin fir kennen mat f2.8 an 1/320s ze schaffen. Duerno kennt Ophellen um PC mam bekannten Resultat.
Dofir soen ech jo, datt d'Foto hei mol net sou schlecht ass.
Naturknipser 10.01.2009 - 13:02
gef mer mol deng Emai Adress da schécken ech der mol 3200iso Fotoen, do waers de kuken ;o)
Kuk emol meng Homepage oder nach besser am Tageblatt do oft 3200 iso Fotoen vu mir am 20x30 gedréckt. Am Zeitungsdrock gesaiss de baal keen Ennerscheed zweschen 400 iso an 3200 iso.
wuschel_lux 12.01.2009 - 09:10
Eppes hun ech geléiert an der Haal, léiwer eng Sportsfoto déi rauscht an awer schaarf ass, wéi eppes waat sou soft ass.
Ech wees och daat et mol wéi deet, fir den ISO 3200 auszepaaken, hun ech awer geschter Owend och maachen mussen. Setzten mol villäicht den Owend eng dervun héi drop...
wuschel_lux 12.01.2009 - 09:07
Wéi ennen geschriwen, den ISO 800 gouf schnell op méi héich Wärten gehuewen. Ne ne mir woren schons an der selwechter Haal closed_eye

Ech hun e bessi nobeliicht, mee net souvill wéi an dénger rechnung, déi zwar plausibel ass, mee hat stung deen moment am Strahl vun engem Spot...

Jo ech sinn esou een "kranken", deen am Sport am RAW knipst. Mee bon ech hun jo och keen wirklechen Zäitdrock.

D'Artefakten kommen, menger Meenung no vum Noschärfen. Hun den ACDSee mol um Laptop probéiert, an sinn nach net 100% waarm dermat.

Mam direct richteg Beliichten gin ech dir 100% recht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 404 Gäscht online