lol!
ausschnett gefällt mer nees! gefällt mer manner gudd wéi déi mat der beréierungsangscht, mee se seet och vill aus, just méi witzeg de mond ass hei awer zimlech wichteg, a kéint méi hell sin....
Ganz flott Idee a gudd ëmgesaat, et muss en dropkommen. Bäi méi laangem Kukken op d'Foto gët mäi Blëck zwar ëmmer nés op den Deel (Hals a Schëller) oofgeleng den nët mat Mohnkären bedeckt ass. War et sou gewollt, fir eng gewëssen Unrouh am Bild ze hun?
Fannen deng foto selwer einfach nemmen TOP!!!
Mee. wei hues du des hai gemaa?
Hues du fier d'eischt bessen donklen maquiallage geholl, fier d'gesiicht oofzedecken, well deng haut jo mei hell ass wei den moon... also... mech interesseiert des vill... ass wiekrlech eng schein foto... dain ausdrock ass grouss... wierklech genial... gefällt mer besser wei dei mat den neel
Maquillage? Nö. Just fetteg Nivea-Crème fir dass den Mohn pesche bleiwt. Dono Channel Mixer fir gudd Monochrome Téin ze kréien, dofir sin d'Lepsen sou däischter.
Freck du mess der zwar vill Aarbescht fir deng Fotoen ...
Wierklech gudd gelongen, de Gesiichtsausdrock gefällt mer och an iwwerhaapt d´Iddie mat de Mohnkären ... great!
Hm, lo nët falsch verstoen, mee duerch déi aner Photo mat de Neel gefällt mer déi heiten lo nët sou wahnsinneg genial. Sëcher, se ass gudd gemaach, guer keng Fro, mee déi aner huet iergendwéi fir mech perséinlech nach méi das gewisse Etwas. Wahrscheinlech och wells de do nach méi mat Luucht a Schied spills. Hei si lénks um Rand och zwee kleng Flecken am Wäissen. Häss de liicht ewechmaache kënnen. Eng Rumm wier bei dësem Bild effektiv och vlaicht nët schlecht gewiescht.