Wat den 1. Moment irritéiert, ass op den 2. Bléck eigentléch 'bénéfique': et erwaard ee sech bei esou Fotoen normalerweis Artist + Modell an du bréngs Artist + 1,5 Tourist; et gëtt dem Bild e bëssen eng aner Dimensioun, et muss ee roden, sech selwer eng Virstellung maachen...; flott wäer et allerdéngs gewiescht, wanns de éischtens den Tourist riets nëtt gekäpt häss an zweetens vläicht nach méi den Artist vu Profil geholl häss an domadder Hänn a Been/Féiss vum Modell besser dra kritt häss...