Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wouhi féiert de Wee

 
Wouhi féiert de Wee
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.04.2008
  • Gekuckt:
    25468
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/15
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    42 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    426x640
  • Späicherplaz:
    230 KB
  • Originaldatum:
    2007:10:11 16:29:02
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=26183]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto dei eischter spontan bei engem Sonndesnomettegspadséiergang entstanen ass. Ech wollt matt di läscht Sonnestrahlen am läschte Speithierscht festhalen.
Hiko 09.04.2008 - 17:08
Firwaat nemmen ISO 100? Duerch 1/15s as d'Foto verwackelt. Deng 400D rauscht net immens an du kanns an sou Situationen den ISO roueg ropsetzen. (Och wann d'Foto spontan war).
Knipsert 10.04.2008 - 07:33
@ all: Et ass matt eng vun deenen eischte Fotoen wou ech probéiert hunn net nemme matt der Automatik ze schaffen. Ech wollt se awer hei eroplueden fier "konstruktiv" Kritik ze kréien. An dat ass fier mech Senn genuch vir su eps ropzesetzen. Zur ugesprachener Iwwerbeliichtung, wat muss ech an Zukunft änneren fier datt ech dat besser hikréien? Merci och Hiko fier dain Hiweis op ISO 100. Du hues vollkomme Recht, géif et haut och net mei maachen.
Merci @ all
Charly 10.04.2008 - 07:43
Also daat bescht ass sech direkt den Histogramm unzekucken, bzw wann den Apparat daat huet, ze kucken waat blénkt am Bild (daat ass déi üblech Method fir unzeweisen wann eppes ënner- oder iwwer-beliicht ass) an dann dementspriechend eng Korrektur anzegin an d'Photo nei ze maachen. Widerhuelen bis et gudd ass. Esou laang wéi een net esouwuel ënner- wéi iwwer-beliicht Saachen gläichzäiteg huet kritt een daat dann hin.
Wann dann z.B. déi däischter Deeler zevill däischter sin, dann kann een déi duerno nach am Photoshop (oder all aaner Bildbearbechtungsprogramm, am beschten am RAW-Konverter) nees erop huelen.
Knipsert 10.04.2008 - 08:21
Ok villmols Merci Charly closed_eye
Eva 09.04.2008 - 17:29
Also ech wees jo net, mee vir mech geseit et aus wi wans du na net besonnesch eenz gifs gin mat dengem Aparat mee daat lisst sech jo seier änerenclosed_eye
Zur Foto guf jo schon vill gesoot, si as total iwerbeliicht, net scharf an wierklech spontan well su extra as se net...Ech gesin einfach net den Senn dran vir su eps ropzesetzen...
Et as keng schlecht Idee, mee vill besser emzesetzenclosed_eye
Mojoo 09.04.2008 - 17:49
"Total iwerbeliicht"?
ploro 09.04.2008 - 19:18
(sain bildschierem huet mengen ech een klengen tick, hat seet oc emmer bei alleguerten mengen fotoen se wieren iwwerbeliischt smile
Charly 09.04.2008 - 22:31
Also bei mir gesin déi hennescht Beem an der Sonn och iwwerbeliicht aus, an meng Monitoren sin kalibréiert ...
Hiko 11.04.2008 - 19:46
Fir di Iwwerbeliichtung vun deenen henneschten Beem kann de Knipsert net onbedengt. Zumools well et eng vun sengen eischten Fotoen as. Et geet hei net gudd aanescht. Am Besch herrschen immens Hellechkeetskontraster an do muss den Sensor vum Fotoapparaat immens dynamesch sin. Eppes muss ech awer soen, di iwwerbeliicht Plaazen steieren mech hei zimlëch weineg. Et as jo net wi wann se ganz weiß wieren. Op mengem Ecran op mannst. Et sin jo awer nach Detailler dran ze gesin. Daat weesentlecht vun der Foto as jo awer richteg beliicht. Bei menger 30D wieren di hennescht Beem ouni Post-processing och ze hell, an ech wees net op den Knipsert do schon sou un d'Veraarbechtung geduecht huet (du kanns mech verbesseren wanns de wells). Eierlech gesoot, wann d'Foto net verwackelt wier giff se wesentlech besser ausgesinn.
ploro 12.04.2008 - 10:09
also "iwwerbeliischt" hannen wou den besch verleeft, oder enerbeliischt alles wat viir ass, dofier gesin ech hei iwwwerhaapt keen problem an soen d foto ass normal besliischt an net iwwerbeliischt och wann eventuel hell platze dran sen...
Roxane 09.05.2008 - 22:02
JIo foto ass en iergendweich ähnlesch an awer ganz anescht Oder gesinch dat falsch ? Dass nach een bessen eng Atmosphere an bei dier leit den besch bestemmt net direkt hannert dem Haus *bretz* smile

fannen se just vleit een bessen zevill iwwerbelicht dei heiten foto selwecht wann niewel wier hett mengench nach en bessen mei wei des foto elo esou smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 399 Gäscht online