Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mettegpaus

 
Mettegpaus
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2007
  • Gekuckt:
    31825
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x555
  • Späicherplaz:
    210 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=22624]
Kommentar vum Fotograf:
ech gin et zou: ech hun 't foto net selwer geholl, se as nach vu méngem papp.

et si méng urgrousselteren, also méngem papp séng grousselteren. de bopa hannen hun ech ni kennegeléiert, an 't boma as gestuewen wou ech ee klengen dabbes wor. heen hat fréier eng seerei zu mamer an der millen beim camping. haut as do sou eng art beautyfarm dran.

ech fannen immens flott wéi déi zwee do relaxen! wéi de bop de kapp sou schwéier a séng hand leet! gefällt mer immens.

et as eng ural zerkratzte foto déi ech komplett retuschéiert hun!

hei as de Scan vum Original!

Geselleprüfung
Olivier 05.10.2007 - 00:24
GANZ TOP!!!
gloda 05.10.2007 - 00:48
Kudos un däi Papp fir eng immens Foto, an gudd Aarbescht bei der Restauratioun.
Kwitchibo 05.10.2007 - 01:24
GOOD JOB!!DUDE
Focus 05.10.2007 - 07:22
den Roby as den eischten mann op dëser Weld deen mir et ugedoen hat mat sengem Fotoen. Mir hun virun 25-30 Joer schons vun sengen Diashows genoss. Datheiten Bild hun ech nie gesin. Roby daat do as TOP.
galileo 05.10.2007 - 08:19
E Luef un de Fotograf fir déi immens stëmmungsvoll Foto - d'Luucht hei ass genial - an awer och un dech fir deng u Perfektioun grenzend Restauratioun !
JADE 05.10.2007 - 08:29
daat ass jo emol esou eppes vun enger immenser Foto ...
nët nëmmen wéi an wéini se geholl gin ass, an waat se ausseet ... mee och wéinst den Personagen, also deng Urgrousselteren ...
an waat fir eng Rouh an "zenitude" hei eriwer kënnt ...

du hues se och immens gutt "erfrëscht" ... ech hun d'Original awer och gaaanz gaeren

(Roby ... ass daat däin Papp?)
MarcGerard 05.10.2007 - 12:31

jo, dat as mäi papp smile
JADE 05.10.2007 - 12:54
dh deen huet och Fotoen gemach? oder mëcht der nach? ... interessant
MarcGerard 05.10.2007 - 13:08

fréier, jo ...
ech sot em haut dass séng foto als topfoto firgeschlo gouf. heen huet gemengt:"freck, wann déi wéissten dass ech haut mol net méi weess wéiee wee een an de fotoaparat kuckt bigsmile "
hihi!
JADE 05.10.2007 - 13:20
pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ...
dofir kann hien awer vill aaner originell (geckeg?) Saachen machen matt sengen Hänn/Fangeren ... smile))
MarcGerard 05.10.2007 - 13:24

smile jop bigsmile
Olivier 05.10.2007 - 14:57
Hahahahaaa... bäcker-familljen mussen jo zesummenhaalen closed_eye
annemie 05.10.2007 - 16:16
Aha, daat Talent zur Iwwerdreiwung hues de also vun dengem Papp bigsmile *ggg* closed_eye
Focus 05.10.2007 - 08:50
Du hues eventuel e beschjen zevill Info am Gesicht vun der Bomi verluer; waat mengs du?
MarcGerard 05.10.2007 - 12:34

jo an nee..
déi restauréiert foto huet bei wäitem méi kontrast wéi déi aner. mee wann ee kcukt as de schied hannen an der die och net schwaarz wéi et sollt sin, mee gro! ech hun also MISSEN méi kontrast man. déi wäiss flätsch op der bomi hierer stier as um original och. se as ebe just gro, an net wäiss -mee trotzdem ausgefriess-

thx
annemie 05.10.2007 - 16:15
Deng "Restauréirung" (oder wei och emmer daat geschriwen get) ass der gelong!
An d'Foto selwer ass schon einfach de Glanz (sou ausdrocksvoll ansou)

D'Stier...woar mer opgefall...mee: dei groo passt iergendwei fuerwlech...also as net su schlem wi wann et lo ganz waiss waer...verstehn? bigsmile
Dai Papp soll och mol rem Fotoen maan :-P *zitatende*
Surf-republican 06.10.2007 - 09:33
ech fannen se wierklech ganz schein...top suguer...mee ech fir mein deel, fannen d'original suguer -nach- besser...ech fannen daat weist nach mei, dass d'foto gudd aal ass...dei kraatzzpueren an alles...also mir gefällt dei original mat schrepsen an allem drum und dran wierklech vill besser (waat net heeschen soll, dass dei hei mer net gefälltclosed_eye )
MarcGerard 06.10.2007 - 12:54

salut!
ech konnt mech mat déngem gedankegang nach ni ufrenden. et as -a méngen aaen- abslout komech eppes gudd ze fannen, nemme well et futti as!
wanns de deemols engem gewisen häss dass een haut eng foto esou séier esou restauréiere kann, da wier de fotograf der firun 't knéie gefall. wann ech dem fotograf dann gezielt hätt "nee, ech loossen se léier futti" deen hätt 't welt net verstanensmile
de fotograf hat -wou en 't foto gehol huet- net am senn eppes ze veréiwegen wat futti as. nee, en hat am senn déi 2 aal leit ze fotograféieren wéi se schlofen. bei der restauréierung probéierene ch sou wäit wéi méiglech DAT erauszekréien wat 't foto duerstellt. méi nostalgie duerch schréifsen a flecken liicht mer ndee moment net an bigsmile wann eng al fra mat enger foto vun hierem verstuewene mann mech freet déi foto ze restauréieren da soene ch secher net "nee madame! déi foto as esou méi flott" smile

mee wéi gesot, das denken ECH! ech muss domat liewen dass aner leit anecht denkenbigsmile
suraki 27.11.2007 - 18:45
einfach nemmen flott, ech geneissen se
sommerspross10 07.11.2008 - 12:53
wonnerbar... smile
*hingerhaut*
Gogo1964 12.06.2010 - 10:47
... also läit gutt-Photoe-maachen an der Famill closed_eye
... an d'Retouche ass och net vu schlechten Elteren.
Tipptopp.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 384 Gäscht online