Ech muss zwa wierklech mol rem eng Keier op de Kierchbierg ech wosst net datt et do sou schei Plaatze gett. D'Foto gefällt mer gudd... ech hätt just vlaicht bessi méi Himmel matt dropbruecht.
Merci.. eigentlech ass dest e crop vune nger Foto op daer wesentlech mei Himmel drop ass.. a mir huet daat guer net gefall ...ech wollt de Bleck mei op d'Waasser leede wei an den Himmel, well am Waasser einfach mei Struktur dra war...
Mat deem Qualitéitsverloscht hu mer dach alleguer ze kämpfen, soubal een doheem eng Foto verschafft. Dat as nun mo, eben de Präis, deen et kascht, wann een eng Foto internet-taugléch am jpeg kompriméiere muss. Dofir kann ee kengem ee Virworf maachen, et as just sou, datt een als Fotograf säin Ausgangsmaterial kennt, an dann entäuscht as, wann een di eropgeluede Versioun op PG kuckt. Mais een aaneren, deen den décke RAW.Fichier net kennt, dee mierkt dee Qualitéitsverloscht net onbedingt sou. Well ech fannen, datt di Foto hei awer nach eng akzeptabel Qualitéit eriwwerbréngt.
Also...och wanns du deng Foto selwer roofmëss, ech fannen d'Quali nawell guer net schlecht an ech hun d'Foto gäer ;-))
D'Vue op d'Coque ass emol eng aaner, d'Waasser gesait wierklech gudd aus...
an ech weilt net unbedingt mei himmel drop hun 0)