Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

den Kiischpelt

 
den Kiischpelt
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.05.2007
  • Gekuckt:
    25294
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/15-1/2
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x524
  • Späicherplaz:
    269 KB
  • Originaldatum:
    15.05.07 - 20:12
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Photostitch fir den Collage,
PS fir dein vermasselt iwergäng ze riiten, se ze schärfen an dRumm rondrem ze man...

onbearbescht war se LANGWEILESCH mee no der Bearbeschtung fun den eenzlen Faarwtein war se dun -besser- (?)

Fir anzesetzen: [pg_img=18467]
Kommentar vum Fotograf:
ze gesin as:
Mett Ennen - Lellgen,
Hannergrond, iwert an riets fun der Wiss - Welwerwolz
Riets Uewen op der Kopp - eischt Haiser fun Pentsch
Riets Uewen hannert da Kopp - Aischer

en eischten Panoramaversuch(zwou fotoen)...wier frou puer Echoen ze kreien...;)

Nicon07 23.05.2007 - 22:15
Da mécht hei een ee schéine Panorama, an da kritt ee kee Komentar. Tsëtsë... Do muss ech als sougenanntene Spezialist (deen ech awer net sin!!) e puer Wuert doriwwer verléieren. Wanns du mat den Iwwergäng Schwieregkeeten haas, da muss ech soen, datts du dat mam PS zwar gudd hikritt hues. Ech war elo zwar net mat der Lupp an den Detail kucken (dat kënnen dann aanerer maachen, wa se wëllen), mais su op den éischte Bléck gesin ech elo kee gréissere Feeler, also op mannst keen, deen esou an d'Aa géing sprangen, datt ee soss näischt an där foto geséich. Wann een dann onbedingt eppes Negatives uféiere muss, fir datt ee séner pädagogescher Aufgab gerecht get ( déformation professionnellebigsmile), dann as d'Beliichtung, déi méch e besse stéiert. Hues du am Nomëtteg géint d'Sonn fotograféiert? Oder wouhir kënnt dee Vignettageeffekt? Dat schingt mir e besse lusch fir ee Panorama, oder? Ech géing elo nach eemol op déi Plaaz geon, a bei Sonnenopgang, wann awer Lellgen schon am Liicht as, nach eemol eng Serie Fotoen do maachen, datt d'Beliichtung méi ausgeglach wier, da géif dat do eng perfekt Foto fir op eng Héichglanzbrochüre fir Reklamm fir de Kiischpelt ze maachen. Mais och ouni dat gefällt déng Vue mir immens gudd, besonnesch wou ech de Kiischpelt nach net vun där Säit aus gesinn hun. Vun där aanerer schon...an net nëmmen vun der SNCT aus!!
OK-Photography 23.05.2007 - 22:22
hmm...(an ech hun grad deng leschtn foto VERNICHTET...sry...cool *schwitz*) THANKS!mol fir unzefenkn

ech war fuerschtbar speit un, et war sou epps em 9auer owes (den datum as falsch, daat as den fun der bearbeschtung, muss daat anert na enka nosichen!)an et war schons relativ daischter (f5 an 15tels sec.!) den himmel as och demenstpriechend WAISS gin an ech hun missen -improviseieren- (hun ma een geklaut fun enger anrer foto dei ech fun där nemlechter plaatz aus an dei nemlecht rischtung gemeet hun...)
den vignettage get also duesch den schied (lenks an riets hai fun der foto as relativ dusteren Besch) fum Himmel nach verstärkt...
kint awa kukn dei saach an den greff ze kreien...closed_eye
muss awa merci soen well daat war ma nik sou opgefall!

thx4comment! duescht schons et ging niks mei kommen... warden haat sech awa alt nees enka ausbezuelt... ;D
Nicon07 23.05.2007 - 22:38
Géi net méi un déi do "fummelen"! Du sees jo selwer, du häss se ënnert net ideale Konditioune gemaach an du hues nach ee falschen Himmel dragesaat. Huel dir léiwer een Härz a stéi muers e bessen éischter op, oder fuer no enger Party réischt heem, wann d'Sonn schon iwwer Bier an Dall liicht, an da méchs du ganz nei Fotoën, mat Blend 8 oder 11 ( net 16 oder 22 wéinst dem Vignettage, deem richtegen des Kéier) well soss hues du rem de Misère mat der regelméisseger Ausliichtung vun der färdecher Foto. Gleef mer et, du bass hanneno vill méi zefridden. Et as wi an der Kichen: Wann d'produitë frësch a vu gudder Qualitéit sin, da get och de Plat gudd. Mais wann d'Saachen nach su just net faul oder verpilzt sin, da kanns du déch drugi sou vill's du wëlls...
OK-Photography 23.05.2007 - 23:00
harharcool gudd...kukn dan nekst time daat ganzt als ROHKOST ze zerweiren...cool eng liicht vinaigrette (Tounkanäl ausglaichen...) dierf ech joh awa dabai man?hues opallefall niks dozou gesoot...;)
mat blend 8 stemmt...giff secher besser gin...mol kukn waat sech man leisst...wansch allerdengs ZE frei usen dann hun ech op dä plaatz dSonn VOLL dran...mee mengn daat as souwisus eischter onprobabel...cool
okay!
thx4comment na enka!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 394 Gäscht online