Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Anne

 
D'Anne
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.03.2007
  • Gekuckt:
    28833
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    31 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    498x750
  • Späicherplaz:
    237 KB
  • Originaldatum:
    2007:03:16 21:43:33
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=16099]
Kommentar vum Fotograf:

ech wees, Sportfotoen interesseiert baal keen hei um site,

mee ech waer sou frou mol eng keier eng kritik ze kreien....
CK 17.03.2007 - 14:14
Se erfëllt déi Haaptkritèren déi ech un Sportfotoën stellen:

- se ass do scharf wou se muss scharf sin
- et geseit een de (Fieder)ball, also den zentralen Objet vun der Sportart
- et geseit een d'Gesiicht

An deem Sënn ass d'Foto fir mech ganz ok. (Ech sin net sonderlech zefridden mat mengen eegenen Fotoën vun deem Daag (daat do war jo virun bessen iwert engem Mount zu Jonglënster, oder?), et wier mol interessant vun méi Leit Sportfotoën ze gesin fir dass een besser vergleichen an léieren kann.)

Meng eenzeg Kritik wier, wanns de fréien Choix vum Bildverhältnis hues (also et ness muss 2:3 sin), dann giff ech lénks bessen wegcroppen.
yannhellers 17.03.2007 - 15:09
nee daat do war geschter op eisen match closed_eye
CK 17.03.2007 - 15:16
Ah, ok - ass schwéier ze soën wann d'Hall di nämmlecht ass an d'Spillerin war läschten Mount mengen ech och do. smile
faragerri 18.03.2007 - 13:03
Et solle io och Zeitungen ginn dei zimlech oft aal Fotoen brenge an dei meescht Leit souwisou keen Ennerscheed mierken.
joellchen 18.03.2007 - 18:18
okay merci, fir dein groussen, helefsreichen kommentaar smile

jo as jo och kee Wonner, datt et daat selwescht meedchen as, hatt spillt nunmol eischt equipe closed_eye
OK-Photography 17.03.2007 - 14:33
hmmm...also CK trefft su zimlch all punkt wou ze treffen as!closed_eye
se as an da rai an den gesiichtsausdrokk mecht se sugur nach 'ganzok' closed_eye

dass keen sech fir sportsfotoen intresseiert lait dorun dass et immens schweier as se scharf AN intressant ze gestalten...den stuerz beim hürdenlaaf(wees lo nik mei ween den ropgelueden hott)as zum beispill 'eng mei lass' an dei foto as intressant...mee anrer wou een just een cyclocrossfuere gesait iwat dLinn rennen as usech naischt 'extraes' dabai sou dass dann do o keen eps seet...closed_eye

hai as ebn o usech naischt extraes dabai....en sprog agefaang oder en heschtsprong odersou an se giff mei intressant gin...eenecht waat dann alt gudd as as dExpressiou um gesiicht.....;o) (hui...wei daat klengt...as nik beiss gmengt.....closed_eyeclosed_eyeclosed_eye)
joellchen 18.03.2007 - 18:21
jo kp, merci fir dein kommentaar.

Mee beim Badminton, as et immens schweier eng flott beweegnung festzehaalen an datt dei dann och nach scharf get...
OK-Photography 18.03.2007 - 18:22
jep...hun daat o schons rausfont...cool an oft kent nach dabai dass dLiichtverhältnisser meeschtens ZIMLECH schlecht sen...
du hess na kennen mam ISO eng stuf rop an wan et dann zefill rauscht mam Neat schaffen...
mengn awa dass ech schons mei onscharfer gesin hun...closed_eye
No_Saint 17.03.2007 - 14:54
Also Ech sinn keen Expert a Sportsfotoën, soën awer trotzdem emol eppes zu denger Foto.
D'Haaptpunkten huet den CK schons opgezielt .
Du huess d'Spillerin hei voll an d'Mëtt geholl. Et wier vu Fierdeel wanns'te se no lenks dezentréiert hess, datt de Bléck an déi Richtung op ass, wou d'Aktioun stattfënd.
Waat och ë bëssen stéiert ass déi grouss Déifteschärft, ë systembedingten Nodeel vun denen Apparaten matt klengem Chip.
Waat hei jo interesséiert, a gutt festgehaal ginn ass, ass déi konzentréiert Aktioun vun der Spillerin dobai fällt de Bléck awer automatësch op d'Reklameschëld vum Kayser, dofir matt PS den Hannergrond flou maachen.
Well d’Aktioun relativ schnell ofleeft, ass et och vlaicht interessant Serienopnahmen ze maachen fir de beschte Moment an der Serie ze erwëschen.
Dain Opnahmwënkel vun ënnen erop fannen Ech gudd, ën ënnerstëtzt Dynamik am Bild.

joellchen 18.03.2007 - 18:22
merci fir dein kommentaar, waert mer daat mol zu herz huerlen smile
Val 18.03.2007 - 09:28
Es ist einfach " Badminton " Fotos zu kritisieren,mann sollte selber mahl versuchen !!
bei einem guten Badminton Foto sollte immer Ball Netz Schäger immer zu sehen sein.
Aber einfach ist das nicht !!!

Das Foto hier ist schon OK
" BADMINTON "

joellchen 18.03.2007 - 18:21
ech fannen d netz muss mol net drop sin, daat steiert deemnowei nemmen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 402 Gäscht online