Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

colour the light 2

 
colour the light 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.12.2006
  • Gekuckt:
    66534
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    41
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    527x800
  • Späicherplaz:
    195 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=12881]
Kommentar vum Fotograf:
zweete Versuch.. wei scho virdrun wier ech frouh fier all Hellef et besser ze maachen :-))
kanufla 19.12.2006 - 20:32
mega!!!
No_Saint 19.12.2006 - 20:35
Ass jo baal déi perfekte Spiggelung.
D'Rëng vum Gewënn kéinte vlaicht nach ë bessen méi zur Geltung kommen.
Dé rouden Droot kéint och nach vlaicht eng Art Glühen verdroën (Hallo).
Dat ass emol daat waat mär dozou afällt.
OK-Photography 19.12.2006 - 20:39
gefellt mer besser!closed_eye
dFaarw as nik mi su wei opgepinselt mee gesait aus wei eng spigelung fum fuedem den gleiht...gelong!!
awa wei den NoSaint seet: vlait na dGewenn bessi mei zur geltung brengen...opwuel daat nemmen een detail as well een haapsächlech den rouden fuedem am aan hott...closed_eye
menger meenung no geif em een haLo nik su gudd bekommen well am moment as en einfa wonnerbaar SCHARF!
fun mir eng 8 fir dArbicht...;oP (se as nach ze verbessren mee wien as schon perfekt...cool)
Nicon07 19.12.2006 - 20:41
Fir méng perséinléch Vue vun sou Fotoën as di heiten awer net besser ze maachen. Ech fannen dat Spill vun de Farwen sou wi et hei as, perfekt harmonesch an ausgeglach. An de Fuëdem brauch fir méch net méi hell ze sin. Mir gefällt dat ganz gudd, datt en esou purpurroud liicht. Ech fannen et just schuëd, datt durch d'Kompressioun (an den NeatImage????) treppercher entstaane sin, mais wann een se grouss mécht, an dann 2 Meter wäit vum Ecran wech geet, da gesäit een di héich fotografesch Qualitéit, déi an déngem Original dran as. Fir méch as déi doten ganz sécher top.
FranzMacN 19.12.2006 - 20:44
Super flott. Dei donkel Faarwen sin richteg gudd.

Wei wär et mat engem iwwerbeliichtem Fudem deen sou richteg Hellegkeet ausstrahlt? An haal awer dei donkel Emress...
Kwitchibo 19.12.2006 - 20:47
ahh smile flott Bravo dei as guud! am Ps bessi drun geschafft?
dei war awer net wirklech un dei do hun ma se elo mol genau ugekuckt smile
Foto as awer guud gin iwert Pm zierlech ech da och nach wanns de wells wei ech meng zum Liichten kriitt hun!

HARRYPOTTER AND THE MAGIC BULB
spako 19.12.2006 - 22:26
Nee dei war net un .. wei gesoot ech hun am PS gefreckelt ... ech wees naemlech net wei een daat hikritt weis du daat gemaach hues closed_eye dofier freen ech mech schon ob deng Pm smile
Knolles 19.12.2006 - 21:31
/removed/
Kwitchibo 19.12.2006 - 21:34
...
Knolles 19.12.2006 - 21:37
/removed/
spako 19.12.2006 - 22:34
Merci smile)

Ech ka mer denken un wei een User dats de denks wanns de des Foto kucks... ech muss allerdengs soen dat ech vun mengen eischte Fotoe vun der Biir ausgaange sin an probeiert hun se besser ze maachen (frontal fotographeieren an net sou saitlech wei bei daer bloer Biir war main haaptuleies...) iwwert dem wurschtelen ass dun daat heiten derbai erauskomm.. an ech muss soen lo wous du et bemierkt hues gesin ech och d'aehnlechkeet smile)
Johny 19.12.2006 - 22:45
Wéi ech schonn soot: Perfekt smile
Olivier 19.12.2006 - 23:24
super...
elmuzo 20.12.2006 - 17:38
Vun all den Biirenphoto'en déi ech a läschter Zäit hei esou op PG begéint hun ass di heiten déi di mer bis elo am Beschten gefällt. Fannen näischt wou ech auszesätzen hätt an d'Spezialisten hun hiiren Pefferkär jo schons hei gelooss, dem ech dann och näischt méi bäizesetzen hun. TOP
Kwitchibo 20.12.2006 - 21:20
unhappy
elmuzo 21.12.2006 - 01:13
Net traureg sin, dat hei ass meng Lieblingsbiir vun där

HARRYPOTTER AND THE MAGIC BULB


Di ass genee sou gudd...
Kwitchibo 21.12.2006 - 01:16
ahhhhhhhhhhh smile ufffff hihihihihihihi closed_eye
Knolles 21.12.2006 - 05:38
/removed/
Jury 24.12.2006 - 13:21
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Johny 24.12.2006 - 13:24
Ha smile

Tiptop gemaach, gléckwonsch zur Topfoto closed_eye
spako 24.12.2006 - 13:56
Ohhh wei cool smile) Merci smile)) lo freen ech mech aawer wiirklech! smile) scheine Creschtkado smile
JADE 26.12.2006 - 16:45
bravo spako!!

daat ass keen Chrëscht-Kado! ... daat ass eng Evidenz! ... TIPTOP !!!

waat kanns du besser machen? ...
majo ... ech kann dir ët nët soen ... technesch gesin ... obwuel do bestëmmt nët vill ze soen ass ... awer fir den Rescht: fuer einfach esou weider ... ON-BE-DENGT!!
Kwitchibo 26.12.2006 - 17:43
genau daatsmile
spako 26.12.2006 - 19:21
Merci Jadesmile) ech waert mech drugin!! smile
Neckel 26.12.2006 - 22:52
Hei elei kuck elei closed_eye))
Kleent 28.12.2006 - 01:02
Verdéngte Chrëschtkado ;o)
rom 28.12.2006 - 09:15
All Respekt! Schéin!
patty 09.01.2007 - 19:53
Wiekelech ganz flott!
patrickr 11.01.2007 - 20:38
(geläscht)
Alphonse_M 11.02.2007 - 23:08
da kanns de brengen waats de wells, dat brengt mei.
mfg
spako 12.02.2007 - 07:09
? hmm... pardon mee ech mengen ech vestinn dei comment net richteg smile
Kwitchibo 12.02.2007 - 12:38
lol ech och net smile
Alphonse_M 15.02.2007 - 17:53
schued
also:
do kanns de brenge wats de wells, mee dat do (domadder ass dei foto gemengt) brengt et.
domadder well ech meng begeeschterung a mai respekt virun deem bild ausdrecken.
spako 15.02.2007 - 22:19
Ahhhsou smile) Ma Merci daat freet mech smile)
kalivero 20.03.2007 - 18:51
hmm jaja in der Tat.. beandrockend foto cool hun net dei néidesch erfahrung eng Kritik oofzegin.. sad kennt jo fleit nach smile
Tiramisu 31.03.2007 - 23:08
/removed/
Polinger 01.03.2008 - 15:29
genial cool erklär mer wei dei foto gelongen ass? smile
jegas 15.05.2008 - 10:19
...an waat wëllste dann do nach besser maachen ????

Ass e super Bild.
denterlara 01.09.2008 - 15:56
Wow s*ass wieklech immenz!!
Tomz 14.09.2009 - 02:16
Super Foto !!

Mee wei messt de dei seu? Wei ech alt schons mol Probeiert hun eng Bier ze fotographeiren ass emmer nemme epps weisses dabei rauskommcool
majolifa 28.12.2011 - 10:14
immens flott Foto

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 398 Gäscht online