Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Vergänglech..

Vergänglech..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2023
  • Gekuckt:
    8616
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x932
  • Späicherplaz:
    1432 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2022
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92520]
Kommentar vum Fotograf:
..trotz alle Beméiungen !!
tormi 30.03.2023 - 21:25
eng ganz staarkt Foto, leider trauereg Wourecht an d'Fro bleiwt op den Asaatz vun deenen Baatschen do sennvoll war
marker 31.03.2023 - 21:44
Den Opwand mat de Baatschen op de Gletscheren gëtt scho säit langem an den Alpen bedriwwen, ..ech denken do hu sech Experten laang genuch Gedanken driwwer gemach a wärt schon irgend ee Sënn machen, ..hoffentlech !!
Merci Tom fir däi Kommentar.
Nicon07 30.03.2023 - 21:44
Ech war jo zwee Méint virun dir do, awer uewen um Aussichtspunkt um Vier Quellen Weg. BTW gesin ech de Rhonegletscher all Daag, well ech eng Foto vun do als Hannergrondbild op engem vu méngen Ecranën hun. Ech froe méch lo, ob s du wierkléch Entrée bezuelt hues, fir sou no bäi ze kommen... closed_eye Oder hues du do eng Plaz fonnt, wou ee konnt den Hiwwel rofklamme, fir sou no bäi ze kommen?
Et kann alles näischt hëllefen
marker 31.03.2023 - 23:36
Vis-a-vis vum Hôtel Belvédère geet e schmuele Pad ''Vier Quellen Weg'' erop a vun do aus kënns de erof bei de Gletscher. Zesummen mat menger Madamm hu mir eis viru ville Joren mol do erof gewot, et huet awer méi mat Harakiri ze din ewéi mat wanderen, zemools wann d'Stäng och nach naass sin, ..a mengem Alter entretemps doen ech mir dat zwar net méi un closed_eye.
A jo, ech hun hei wéi och scho Jore virdrun Entrée bezuelt fir op de Site, a sou munch intressant Motiv ass garantéiert. Spéit an der Saison wann net zevill Leit sech do ophalen kann ee sech woen hannert d'Barrikaden ze kloteren devil, 'trotz deem engen oder aneren kritesche Bléck', vir dann um Fouss vum Gletscher virun ze wanderen. Bei där Geleeënheet hun ech eng intressant Platz fonnt wou ech ënner anerem eben dës Opnahm konnt realiséieren.
Nicon07 01.04.2023 - 17:22
Genee dee Wee beim Belvedere rop si mir och am Summer elo gaangen. Do ass jo op halwer Héicht eng Plaz, wou een eng schéi Vue op de Gletscher huet. Vun do sin iwwregens méng Fotoe vum Rhône-Gletscher an de Pano gemaach gin. Wéi mir deemols dohinner waren sin ech quietschvergnügt do ropgaangen, wéi op eemol méng Madamm op méng Féiss gewisen huet a sou dréche gesot huet: "Sou! Du weess jo, datts du déng "On-Schung" un hues amplaaz vun dénge Biergschung?!" An du war just nach demi-tour ugesot a Wanderunge waren deen Daag just nach op Macadamm an um Flaachen ugesot. bigsmile
marker 02.04.2023 - 21:11
Tjo, mat de Schung an de Bierger ass alt esou eng Saach, kuck der emol déi vum Typ hei un, ..an d'Situation insgesamt bigsmile

Asiaten mat déckem Portefeuille déi sech mat Unhang op de Gletscher fléie gelooss hun fir Brautbiller ze machen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 393 Gäscht online