Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Auto Modell

 
Auto Modell
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.02.2023
  • Gekuckt:
    9053
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x806
  • Späicherplaz:
    561 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92461]
Kommentar vum Fotograf:
Méng Schwester huet beim Raumen hir analog Pentax Z-10 rëmfonnt, eng vollautomatesch Spigelreflexkamera, wou een eigentléch nëmmen de Boîtier ka gewärde loossen. Well mir net wossten, ob se iwwerhaapt nach géing funktionéieren an ob se nach dicht wier, hun ech virgeschloen, se ze testen. Nei Batterie bestallt, ee Film dran a lass. Éischte Schreck: wann de Film net een DX-Code huet, dannschafft d'Automatik par défaut mat 100 ISO. De Fomapan 400 huet natiirléch keen DX-Code. Wat maachen? Bei Massive Dev Chart gekuckt, wéi een den Foma 400 op 100 ISO entwéckelt, an do gëtt et nit vill Méiglechkeeten: Gott sei Dank hat ech den Adonal (= Rodinal), deen een am Rapport 1+50 konnt huelen a 7 Minutten entwéckelen. Domadder hun ech dann onfräiwëlleg och mol eng Kéier ee Film gepulled. An ech muss soen, d'Resultat gefällt mir. De Grain ass manner ausgeprägt, wéiwann een de Foma op 400 ISO beliicht an entwéckelt an de Kontrast méi douce an deemno méi Informatiounen an de Schieder.
Jaycee 08.02.2023 - 13:51
interessanten Exposé Nico. Kuck emol bei La Pirate Dev Charte, do soen se dass den Fomapan 400 eigentlech kee richtegen 400er ass, sondern eng nominell Sensibilitéit vun nëmmen 250 ISO/ASA huet.

Fir de Problem dens de mat denger Schwester hirer gecripelter Z-10 haas ze emgoen, gët ët och eng Léisung, och wann ët ë bëssen Getriwels ass... kuck emol hei:

https://photothinking.com/2018-02-03-film-dx-codin...

Nicon07 08.02.2023 - 18:16
Wat ee Gebastels! closed_eye Mais et schingt jo ol ze funktionéieren.

Merci fir den Tipp!
Nicon07 08.02.2023 - 18:20
Wann de Foma 400 eigentléch 250 ISO huet, dann erklärt dat och vläicht, firwat ech all Kéiers, wann ech dee Film mam Fomadon R (also ee Klon vum Rodinal) entwéckelen, ech d'Impressioun hun, wéi wann en ënnerentwéckelt wier an duerch d'Bank gekuckt alles ze däischter ass beim scannen. Di näxte Kéier probéieren ech mol einfach amplaz di recommandéiert 7 Minutten der 8 ze entwéckelen. Wann et dann an d'Box geet, dann ass och nach nit vill geschitt.
Jaycee 09.02.2023 - 18:02
Rodinal an all seng Klonen sin eigentlech nët ideal fir 400er Filmer. Am beschten funktionlieren se mat nidreg bis mëttelempfindleche Filmer., mais daat ass wéi alles och eng Affär de goût. Fir de Fomapan 400 am Rodinal ze entwëckelen, kanns de dech emol hei inspiréieren...

http://tables.pirate-photo.fr/film/31
Nicon07 09.02.2023 - 18:21
Merci fir de Link.


De Massive Dev Chart seet och 6 Minutten. Et kann awer nit sin, datt de Fixateur no 14 Deeg a 4 Filmer schon neess um Enn ass. Dann ass de Beliichtungsmiesser vu méngem Jong sénger Olympus Trip 35 liicht iwwerfuerdert gewiescht. closed_eye
Jaycee 12.02.2023 - 21:10
Daat ass awer iergendwéi suspekt dass däi Fixateur sou schnell de Geescht op gëtt. Waat mëchs de wanns de den Entwëckler ausgekippt hues?
Nicon07 17.02.2023 - 18:03
Eee Stopbad vun enger Minutt.

Mais ech denken och nit, datt et um Fixateur läit. Et ass àischter den Entwéckler, deen nit wirkléch nach eppes entdaacht. Obschon ech vu MacoDirekt zougesot kritt hun, dee wier nach ze gebrauchen, obschon en ganz K...brong ass an duerch di zoue Fläsch gesuppt huet. Mäin Adonal , wat jo och ee Clone vum Rodinal ass, ass dogéint kloer.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 281 Gäscht online