Wann ech gutt am Kaarteliese sin, da misst een do hanne rechts d'Großfurkahorn an de eventuell de Galenstock gesin. D'Foto ass gemaach vum Rundwanderweg 51 "Furkahöhenweg".
Zu Andermatt an zu Hospenthal an op der Furka maachen se haut nach Reklamm fir hir Géigend mat deem Film. Et ass suguer nach eng Tankstell zu Andermatt, déi am Film virkënnt.
Ech hat vergiess ze schreiwen, datt et di Tankstell haut 2022 net mi gëtt. Ech muss mol eng Foto vum Hotel, wéi et haut ausgesäit, hei ropluede bei Geleeënheet.
Nee, dat hei war een Hotel am Agang vun Andermatt bei der Talstation vun der Gondel op de Gemsstock. Dee gëtt et net méi zanter 2017. De Belvedere um Furkapass ass zwar och zou, mais ech mengen, do hun d'Ierwen awer eppes wëlles, well dat mat der Gletschergrott séch wéinst dem Réckgang vum Gletscher problematesch entwéckelt. Ech hun do sou eppes gelies eemol, mais ech ka méch awer nit méi genee erënnere, wat do war.
Ech lueden an deenen nächsten Deeg eng Foto rop, wou een dat Gebai gesäit, wat ech mengen. Bis dohinner, schéine Sonndeg!
Am grousse partiellen Deel mam Schiet si vill Detailer ze gesinn, an dat passt wonnerbar zu der Luucht vum Rescht am Bild.
Den diagonalen Opbau fannen ech ass awer d'Kiischt um Kuch.