Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

open Fensteren ...

open Fensteren ...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.07.2022
  • Gekuckt:
    18789
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    214 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1027x1500
  • Späicherplaz:
    688 KB
  • Originaldatum:
    2022:05:24 14:00:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92168]
Kommentar vum Fotograf:
... loossen d'Zemmer otmen ... suergen fier Erliichtung

gemu 01.08.2022 - 11:38
Di diagonal Linn vun de ganz oppe Fensteren mat hieren sujeten geKräzt mat der der diagonaler Linn vun den zouen Fenstenass ass genial. Schéine Moment hues du do festgehalen
tormi 01.08.2022 - 17:26
Et freet mech wann se gefällt, villmols merci fier den Fav smile
tormi 01.08.2022 - 17:25
hui, op der falscher Plaatz geschriwwen closed_eye
Paul-H 09.08.2022 - 00:15
Gratuléieren zur WF.
Deng Foto huet se zwar verdingt mee et fänkt un fatzeg oofzehuelen hei wann et nëmmen eng Foto gett déi een zur Auswiel huet.
Irgendwéi missten sech dAdmins mol eng afaalen loossen fir desen Site méi attraktiv ze maachen.
tormi 09.08.2022 - 07:21
Merci Paul,

natiirlech sin ech frou wann eng vun mengen Fotoen WF get, och wann se dei eenzeg Meiglechkeet war. Dest war an der Lescht schon e puer mol de Fall. Do froen ech mech och emmer fierwaat net zumindest zwou Fototen ...
Ech sin och emmer frou wann een en Kommentar zu enger Foto mecht, dobei well ech awer präziseieren, dass ech net nemmen drop aus sin en positiven Comment ze kreien, mä och eng Kritik, en Vierschlach waat een hätt kennen besser maachen sin allzeit wellkomm. Daat soll elo net Schoulmeeschterhaft sin awer fierwaat net einfach soen waat engem direkt opfällt. Ganz oft sin et Klengekeeten dei engem selwer net opfaalen ... (heinsdo och Groussegkeeten closed_eye )


Fier mech ass den Prinzip vun desem Forum deen dass ech mech well an der Fotographie verbesseren. Daat klappt mol recht, mol schlecht closed_eye
Paul-H 09.08.2022 - 14:45
Däin Prinzip ass jo am Fong och d'Ziel hei. Et ass awer eben just esou dass hei emmer manner Kommentaren, sou wéi's du se gären häss, geschriwen gin. Ech huelen mech do selwer net raus, mee irgendwéi feelt dann awer oft d'Motivatioun.
Nicon07 09.08.2022 - 08:24
Ech denken dat hei scho mi laang, Paul, a gin dir ganz recht, awer et läit och un eis User, wa mir just eng Foto fir d'WF virschloen. closed_eye

Mais wou ech mir am meeschte Froe stellen a wat mir Suerge mécht, ass de Fait, datt quasi all Daag nei "User" bäikommen, een awer ni och nëmmen eng Foto oder ee Kommentar vun deenen hei gesäit. Dat fannen ech very strange. Do missten d'Admins mol séch dozou eppes afaale loossen. Well fir just Fotoe vu Lëtzebuerger ze kucken, dofir brauch een net als User op PG ugemellt ze sin. All "Guest" kann dat jo maachen. Mais bon. Wat soll een do nach méi soen. De Problem hei huet elo geschwënn eng Bäckeschdose Joeren um Bockel awer PG röchelt nach ëmmer... bigsmile
Paul-H 09.08.2022 - 14:50
Natierlech läit et och un eis puer Useren, mee wéi ech dem tormi schon geentwert hun, et feelt oft un der Motivatioun well den Site net méi deen ass deen et mol war.
Daat mat den neien Useren déi ni eppes posten ass mir och opgefall. Eigentlech missten sou Leit einfach rausgehäit gin wann se no enger gewëssener Zäit keng Foto roplueden.
Nicon07 09.08.2022 - 14:55
Natiirléch kënne mir kengem virschreiwe, wéini datt een hei op PG soll aktiv sin, mais wann séch z.B. een ongeschriwwenen Konsens géing rausschielen, datt déi Handvoll Useren, déi de Site um Liewen haale, séch z.B. tëscht 8 an 11 owes hei kurz mellen an eng Foto roplueden an eng hallef Doze Kommentarer schreiwen (max. 10-15 Minutten), da wier scho vill geschitt. Mais bon, dat ass di Zäit, wou ee gäre mat der Famill oder Frënn zesummen ass oder eppes um Fernseh kucke wëll. Also ass dat och keng gutt Iddi. bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 377 Gäscht online