Do ass nach zevill drop, fir minimalistesch ze sin, Johny...
Nee. elo am Eescht: Sou Vue wéi di doten hun ech der méi dacks moies, wann ech op d'Arbécht fueren, an et ass Niwwel an den Dällten. Ech muss dann ëmmer neess lues maachen an dat genéissen. Ech stoung eemol eng geschloen hallef Stonn um Parking tëscht Buerschent a Biirden drop ze warden, datt d'Buurschter Schlass endléch sollt aus dem Niwwel optauchen, mais leider war den Niwwel méi zéi.
Wou hues du dann di heite Foto gemaach? Duerf een dat gewuer gin?