Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Bléck..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.11.2021
  • Gekuckt:
    15673
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f 10
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 1 1/3 EV
  • Gréisst:
    1400x1288
  • Späicherplaz:
    683 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91716]
Kommentar vum Fotograf:
..a Richtung Niesen. Owesluucht um Thunerséi.
Jean-Jos 26.11.2021 - 22:44
Immens Déift am Bild.
Mir gefällt richteg gutt, wéi de Sonnenënnergang gebrach gëtt un der Biergspëtzt op ongeféier 0375 an domadder eng Diagonal ausléist, déi gefillt, bis un d'Wollék op 0075 gheet.
Ganz speziell, awer herrlech Marker.
marker 28.11.2021 - 19:19
Eng Freed deng Bildanalys hei ze liesen.
Merci Jean-Paul
gemu 27.11.2021 - 13:05
Eng Wonnerbar Lightshow, excellent mat der Diagonal bis an duerch d'Wollek
marker 28.11.2021 - 19:22
Flott beschriwwen mat der 'Lightshow'. E Spektekel wou keng Minutt gedauert huet.
Merci Georges
wuff 28.11.2021 - 09:46
Flott ewéi den Sonnenstrahl an engel Linne mat der Kondenssträif steet, déi allen béid dann och nach paralell mat dem rechten Hiwwel sinn. An an der Mëtt déi douce Déift déi daat ganzt ofronnt.
marker 28.11.2021 - 19:27
De Parallelismus ass mir emol net esou opgefall, mäi elo wou's du et sees..! Gutt gesinn.
Merci wuff
theom 01.12.2021 - 13:35
Dat pass genee op e Cover vun enger Lp mat relaxer Musek smile
marker 02.12.2021 - 07:50
Cool mam Verglach, dat freet mech Rob.
Merci gesot
gtaddei1 04.12.2021 - 09:41
Extrem suggestiv
marker 05.12.2021 - 18:50
Dat mecht mir Freed.
Merci gtaddei1
Nicon07 04.12.2021 - 09:48
Dat do erënnert méch u méng éischt a bis elo leider och läscht Midnatsol u Bord vun der MS Polarlys. Erstaunléch, wéi séch dach sou verschidde Géigende vun der Welt op Fotoe gläiche kënnen.

Awer déng Foto ass egal wéi immens uspriechend. Di ugedeiten Diagonal surch de Schied vun der Biergspëtzt an der Verlängerung am "Chemtrail" closed_eye mécht een Aspekt aus, awer och di Bichromie (Schwarz loosse mir op der Säit, dat as keng Farf) tëscht giel a blo.
marker 05.12.2021 - 18:53
Genee esou. A wéi schonns dem Georges geäntwert war dëse Spektakel, wou d'Sonn hannerem Niesen verschwënnt innerhalb vun enger Minutt aus an un.
Merci Nico
Nicon07 05.12.2021 - 20:18
Sou ass dat ëmmer mat deene « Spektakele » vun der Sonn. Eng Affär vu Sekonnen. Ween di ze laang wart, dee gëtt gestroft.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 353 Gäscht online