Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Niwwel am Bësch

All Fotoen an dëser Serie:
47417 Thumbnail
47418 Thumbnail
47419 Thumbnail
Niwwel am Bësch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2021
  • Gekuckt:
    24699
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    12.11.2021
  • Fotoapparat:
    Nikon FM2
  • Objektiv:
    Nikkor AIs 35mm 1:2
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=91693]
Kommentar vum Fotograf:
Kurz no Sonnenënnergang.

Ech hun hei een Experiment gemaach, well ech eng Kéier an engem Film iwwert d'Eisléck an engem Interview mam Raymond Clement héieren hun, datt hien eemol am décken Niwwel eng Foto gemaach huet an engem Bësch, wou hien eng Laangzäitbeliichtung gemaach huet,an hanneno um Film méi ze gesi war, wéi an der realer Situatioun. "De Film gesäit méi wi d'Aa", sot hien do.

Dofir wollt ech och eemol eppes sou probéieren. A well et an dëser Zäit vum Joer bei eis zu Rammerech op iwwer 500 Meter dacks décken Niwwel ass, war och d'Geleeënheet schon dofir gin. Ech hat a méng FM2 vun Nikon ee Kodak Tri-X 400 geluecht, deen ech op 100 ISO iwwerbeliicht hun. Ech hun op Blend 16 ofgeblend fir eng Beliichtungszäit vun e puer Sekonnen (3-5) ze kréie, fir datt soll laang Luucht op de Film faalen. Dunn hun ech de Film am D-76 1:1 11 Minutte laang beliicht (Pi mol Handgelenk, well ech hu keng Zäit fonnt, fir dee Film ënnert deene Konditiounen ze entwéckelen. An dat hei ass, wat ech dobei rauskritt hun.

Effektiv hun ech vill manner gesin an et war och vill méi däischter do, wéi dat hei op de Fotoen schingt.
marker 14.11.2021 - 20:16
Eng ganz uspriechend Serie wou's de eis hei presentéiers Nico, woubei ech eng liicht Preferenz fir d'Nummer 2 hun wou mir een Tick besser gefällt ewéi dei aner zwou.
Eng Laanzäitbeliichtung mat Film ass net esou evident, mäi wann ech dëst Resultat hei kucken kann ech just soen... Very good job..!!
Nicon07 14.11.2021 - 20:21
Merci, Marc. An dat direkt 2 Mol, och fir de fav.

Jo, beim Film ass dat wirkléch sou eng Saach, well wat ee mi laang beliicht, wat d'Empfindléchkeet rofgeet, an da muss een deementspriechend Sekonne bäi gin par rapport zu dem, wat de Beliichtungsmiesser ugeëtt. Ouni awer elo ze iwwerdreiwen.

Ech kann awer elo net soen, ech géif dat beherrschen, well ech iwwerloossen dat meescht awer irgendwéi dem Zoufall.
marker 14.11.2021 - 20:51
Jo, d'Empfindléchkeet geet erof wann's de méi laang beliich's, dat ass de bekannte 'Schwarzschëldeffekt'. Bei manner ewéi 5 sec huet dat bei engem SW-Film awer net vill Afloss, wann ët allerdings doriwwer eraus geet muss kompenséiert gin, do gëtt et fir all Film spezifesch Tabellen.
Et geet awer och méi universal, kuck emol hei
Nicon07 14.11.2021 - 21:23
Merci fir di Tabell.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 428 Gäscht online