Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Diirbéch

All Fotoen an dëser Serie:
47413 Thumbnail
47414 Thumbnail
47415 Thumbnail
47416 Thumbnail
Diirbéch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2021
  • Gekuckt:
    15248
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    12.11.2021
  • Fotoapparat:
    Nikon FM2
  • Objektiv:
    Nikkor AIs 35mm 1:2
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ a bulb.

Di Kamera huet just 1 Sekonn als längste Verschlosszäit.

Fir anzesetzen: [pg_img=91691]
Kommentar vum Fotograf:
oder besser bekannt als "Waassersënneswee" tescht Eschduerf an Ënsber. Dat wat d'Schwarz Iernz fir de marker, ass d'Diirbéch fir méch: d'Liblingsbaach. Gëschter war ech do analog ënnerwee. An der F6 hat ech ee Portra 800, deen ech nach muss aschécke fir entwéckelen ze loossen. An der FM2 par conter hat ech een Tri-X 400, deen ech awer op 100 Iso beliicht hun an duerno heiheem mam D-76 selwer entwéckelt hun. Ech hat mir den D-76 1:1 färdeg gemëscht wéi ech festgestallt hun, datt ech fir déi Kombi iwwerhaapt keng Entwécklungzäit am MassiveDevChart fonnt hun. A wat elo? Dunn hun ech einefach improviséiert an amplaz 9:45, wéi firgesi bei 400 ISO hun ech einfach nach eng Minutt Pi mol Handgelenk drugehaangen. Ech war frou ze gesin, datt ech do eng gutt Intuitioun hat. ;-)
wuff 14.11.2021 - 05:58
Flott Serie
Nicon07 14.11.2021 - 16:43
Merci, Mike.
Jean-Jos 14.11.2021 - 14:20
Ganz intressant Serie, déi Loscht op d'Eislék mécht.
Ech duecht d'FM2 hätt schon d'"bulb"-Fonktioun drop gehat?
Nicon07 14.11.2021 - 16:43
Maja, si huet 4000-2000-1000-500-250-125-60-30-15-8-4-2-1-B. An ech hun dann ebe mat B gebulbt. closed_eye
marker 16.11.2021 - 10:18
..déi zweet ass méi opgeraumt a sprécht mech am meeschten un.
..eng Serie wou gefällt..!
Nicon07 16.11.2021 - 15:56
Merci fir de feedback, Marc.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 455 Gäscht online