Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Fong ...

 
All Fotoen an dëser Serie:
47302 Thumbnail
47303 Thumbnail
47304 Thumbnail
47305 Thumbnail
47306 Thumbnail
Am Fong ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.06.2021
  • Gekuckt:
    18319
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Pentax 67
  • Objektiv:
    SMC Pentax 1:4/55mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91393]
Kommentar vum Fotograf:
hat ech Chance, datt grad deemols, wéi ech do um Tour war, ee Rekalmmfilm am Fond-de-Gras gedréit gin ass, soss hätt op engem normale Wiertech deen Zuch do bestëmmt net gestaanen. Mais sou konnt ech dann awer pseudohistoresch Fotoe maache mat der Pentax 6X7, déi bal 50 Joer dierft hun vun engem Zuch, deen der méi wi 100 ass.
Jean-Jos 16.06.2021 - 18:03
aussergewéinlech, wëll (quasi) keng Leit drop sin. Mir gefalen 3, 4 a 5 richteg gutt; wéi ëmmer bei dir, eng ganz uspriechend SW-Bea
Nicon07 16.06.2021 - 18:25
Ech war och iwwerrascht, wéi wéineg Leit do waren, a wéi déi puer Acteuren a Kameraleit net méi virum Zuch gedréint hu, mais virum Bâtiment voyageur, du war méch "Stonn" komm... closed_eye

Iwwregens ass do ee Film fir Esch 2022 gedréint gin. smile
wuff 17.06.2021 - 13:50
Nummer 4 as mäin Favorit aus deer flotter Serie.
Nicon07 17.06.2021 - 16:54
Merci, Mike.

Ech sin och iwwerrascht vum Bokeh op där Foto. Et war ëmmerhin réischt deen 2. Film, wou ech de 55mm ausprobéiert hun, an deen 1. Film domadder hat ech nach net entwéckelt. Ech si wirkléch ëmmer méi begeeschtert vum analoge Mëttelformat. Just d'Käschte vun deem Hobby si "rébarbatif", wéi se südléch vum Fond-de-Gras soen... closed_eye
Jaycee 18.06.2021 - 19:16
Tip top Serie Nico a mat der idealer Trainspotter Kamera festgehaalen.

Wanns de deng Filmer am 10er Paak keefs a selwer entwëckels, haalen d'Käschten sech a Moossen, fannen ech emol...

A propos Film, w?i een haas de hei benotzt?
Nicon07 19.06.2021 - 11:18
Een Fuji Acros II, awer beim Entwéckler zu 99% am D76 entwéckelt. Mais ech stelle méch eemol jaaaanz dumm a schreiwen dem Labo, wéi si di eenzel Filmer entwéckelen. Si maache jo Reklamm, datt si hiren Hobby zum Beruff gemaach hun an de Clienten hir Filmer entwéckele, wéi wann et fir si welwer wier. Vläicht passen se jo hir Chimie dem Film un. Emmerhin hun ech den AcrosII bei hinne kaaft.
Jaycee 19.06.2021 - 14:17
Ech hun an der Zäit säi Virgänger den Acros 100 gelegentlech benotzt an ët gesäit esou aus wéi wann den II mindestens grad esou gudd wir, obschons en nët méi a Japan mais anscheinend am UK vun dem üblech Verdächtegem (Harman Technologies?) no Fuji Virgaben fabrizéiert gët.
Den D-76 a säin Zwillingsbrudder ID-11 si klassesch Universalentwëckler déi praktesch mat all Film gudd Resultater brëngen.
Sin emol gespaant waat de Labo der äntwert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 370 Gäscht online