Yes, beandrocken ass et , a besonnesch d'Matterhorn permanent am Bléck am stännege Wiessel vum Liicht.
Eng Freed fir mech wann e Bild gefällt, an dofir Merci gesot.
Dee Bierg do "dämpt" bal ëmmer... Hei ass dat awer ganz gudd, well dodurch gët déi brong Kopp vir méi fräigestallt. Flott och, datt d'Wollck dir et erméiglécht huet, och uewe lénks am Eck eng Diagonal ufänken ze loossen. Impressionnant!
Ech hun iwwer d'Rei vu Joeren X-Opnahmen vun desem 'Obelisk' gemach, mol mat an och mol ouni Damp oder Kaputz, an irgendwéi huet dëse Bierg aeppes wat en bal ëmmer fotogen ausgesi léisst.
Merci Nico fir deng Appreciatioun, a mech freet et natierlech dat d'Bild dech usprécht.