Kommentar vum Fotograf:
Virun 11 oder 12 Joer war ech mat ménger léiwer Fra hirer Pentax K1000 an engem Fuji Acros 100 dran een Tour durch eis schéin Haaptstad maachen. Wann ech virun e puer Deeg hei op PG nei digital Fotoen op aal schwarzwäiss getrimmt hun mam Silver Effex Pro als Hommage un den Edouard Kutter, sou sin di heite 5 Fotoen lo nach méi authentesch a gin dem lëtzebuergesche Meeschter vun der Street an Dokufotografie nach éischter gerecht.