Extras: Waat een halt su bräuch vu Geschiir :)
RAW
Fir anzesetzen: [pg_img=9054]
Kommentar vum Fotograf:
Hu schon su laang keng Foto mi ropgelueden wu eppes äusser domeeten drop wuaren... majo hei ass dann mol rem eng, wär natierlech frou iwwert e puer Kommentaren ;)
ech fannen se unsech flott léiwen gesichtsausdrock
mee vläit as di riets säit besi zvill iwwerbeliicht .. mengn dat as gewollt .. mee hm ..
dat mëscht sein rietzt aan an iwwerhaapt di ganz riets gesiichtseit vill mi kléng iergendswei =/
an ehm wat as dat bloot bei sengem ouer lénks ?
mee d'huet schéin aan
Jojo, hm also ech kann dem klengen fierkel net zoustemmen deen iwwerbeliichtungseffekt geheiert dozou, dat gett der Foto nach mei Ausdrock, fannen ech mol ) Jo also giff soen dat ass dann rem eng Top-Foto 9
Mier gefällt déi Foto och immens gutt!
D'Schäerft op den Aen an dann daat Spill mat der Luucht machen äus där Foto en immens schéinen Portrait, denn mier wéi gesoot ganz gutt gefällt!
Also d'Foto ass ganz gudd, mee ech wees genee wei se mer nach besser geif gefaalen, mee ass wuel affaire de gout (Ass jo schon ugesprach gin, daat mam iwerbeliicht)
Einfach nemmen wow, ech fannen dass daat guer net steiert dass dei riets Sait iwwerbeliicht ass, well et kucken een sws nemmen opt Aen an do bleift een och hänken.
Ok, vu dat jidfereen (also net graad jidfereen, mee vill) daat nemmlecht sooten kann ech daat jo vir se all madeneen entweren.
Wéi den Maggele et äusdréck ass et richteg: ''Hell''
Mee ''Iwwerbeliicht'' ze soen stemt hei net, sou gär ech och jidferengem séng meenung probéieren ze verstoen.
Entweder d'ass aaneschteg gemängt a falsch äusgedréck oder deenen Leit hier Schirmer sin onnmooseg falsch kalibréiert.
Eng Foto (oder en Deel vun enger foto) ass iwwerbeliiicht wann se sou hell ass dat keng Detailer méi ze gesi sin,
wéi daat bei High-Key ass, an daat ass jo hei net de fall...
Bestätegung hun ech do vum Histogramm an engem Print
Mee bon, op daat ''Hellt'' lo gefällt ass rem eng aaner Saach. Ech sin trotzdeem frou iwwer all d'Kommentaren also merci
Et ass relativ gesin a relativ zum lénksen Deel vun der Foto ass dee rietsen eben iwerbeliicht, vu dass en vill méi hell ass wéi den aaner. Natirlech ass et net ze vergläichen mat dem wann een iwerbeliicht op su muench aaner Fotoen bezitt, also gin der trotzdem iergendwéi Recht .. Mee da soen ech eben se wär eng Grimmel ze hell op dem Deel
Relativ as fläit daat falscht Wuert. A nach méi falsch wann: ''relativ Iwwebeliicht par-rapport...'' well daat gett nach manner Senn...
Grimmel ze Hell, méngentwegen, mee wi gesoot... dann och just Subjectiv, net Objectiv
Daat ganzt ass jo einfach nozeweisen. Vun dohier...
Also schlussendlech ass et mer egal wéi een et nennt, ech geif et besser fannen wann se do net su hell wir feddisch. Dass daat e Feeler vun dir war hun ech jo nie behaapt, well ech denke schonn dass de wees waats de mëss. Affaire de gout eben, dodrems geet et eigendlech
wow, ech wosst guer net dass daat meedchen esou schéin aen huet
vir meng verhältnisser ass se riets bessen ze hell, och wann se net iwwerbeliicht ass ;) mir haaten jo den metteg e bessen doriwwer riets, vun dohir brauch ech net mei vill ze soen
ech fannen d'aen stiechen mat hierer schéinheit zefill eraus aus der foto, sou dass vir mech elo d'aen usech d'bild domineiren an den recht vum bild net am equiliber hällt.
main tip: entweder nemmen d'aen op d'bild oder e bessen mei donklen leppesteft
eng flott klassech beauté's foto. Den haaptakkzent op d'gesiicht gessat an dann no hannen staark onschaarf goen geloes. Ganz a guer net iwerbeliicht, beauté verlaangt daat, d'haut hell gehaal, zimlech kaal an den Haaptakkzent op d'Aan (wei beim maquillage fotoen) D'Haut vum Meeedchen ass pur, e puer Sommersproosen op der Nues. Ganz flott. Et ass awer elo net en klassechen beauté's modell well et en zimlecht assymetrescht gesiicht huet. Sou pur se och soll sin da muussen de piercing aam OUer an d'Ouerreng wech. Den Kadrage ass ganz interressant den Kenn hätt awer kennen drop in, mee daat ass d'Aan vum Fotograaf dei daat entscheed a keen aaneren. Keen donklen Leppesteft daat geif dess Foto zersteieren.
D'orginal ass liicht manner hell, mee hei hun ech just d'Bild sou gemaa wéi ech et och um Schiirm vum Fotoapprat dee moment gesinn haat a wollt kréien... deemno wéie Schiirm kennt et eventuell stéierend eriwwer dat se hell ass, mee op Pabeien guer net...
Probéiern d'next kéier och ouni Piercing.
Merci!
Je mei ech dess Foto kucken desto besser gefällt se mer.. Probeier se mol mam MM sengem Model Nadz, Vollen Mond, Grouss Aan, glaich Gesiichtshalschenten
D'ass lo net wi wann ech just reflectorhalter gespillt hätt, ech hun och Fotoen gemaat
hun natierlech och souer probéiert, fläit net genee di nemmlecht beliichtung...mee suen äuschnett (hun daat gär su no run) Fläit kréinen ech jo nachengkéier d'chance nach puer Fotoen vun em ze maachen... mat besse gléck misst daat klappen a spéidsdens dann kennt och soueng ähnlech. Op ech se lo direkt roplueden wees ech awer nach net well ech se firdéicht well op méng Homepage setzen an déi dofir firdéicht mol muss färdeg kréien
Ech hat der nach naicht zu denger Foto geschriwen. Dest as déi wous de gesot hues se wir sou hell, dass een mengt se wir iwerbeliicht. Ech fannen dat hues de awer hei genee richteg getraff. Hätt zwar op der Nues villeicht bessen méi soft gemach op der Plaatz wou se sou spigelt. Opschons et tiptop ausgeliicht as, fällt dat rietst (usech dat lenkst) Aen op. Wirkt bessen méi kleng wéi dat lenkst (usech dat rietst). Dat geschitt oft, hengt vun der Lucht, der Perspektiv an dem Bléck of. Stéiert dat dech net bessen?
Fir den recht, d'Farwen, d'Déiftenschärft, an d'Beliichtung sin gelongen.
Merci fir däi Kommentar also d'Aan si mer bislo bet opgefall dat se ennerschiddlech grouss sin... si mol net nomoosen gaang, mee fällt mer net beim kucken... mat der Nues gin ech der Rescht, di verbessert versioun kennt op méng HP sin amgang méng Fotoen all ze duerchstöberen fir di puer bräuchbar all zesummenzekraazen, a netierlech och vil neier