Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Top Macro on a Budget...

 
Top Macro on a Budget...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2019
  • Gekuckt:
    41298
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.7 EV
  • Gréisst:
    800x599
  • Späicherplaz:
    161 KB
  • Originaldatum:
    2019:09:17 15:19:19
  • Fotoapparat:
    E-M10MarkII
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    EL Nikkor 2.8/50 mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=90142]
Kommentar vum Fotograf:
... wen keng Honnerten EUR fir é gudd Makroobjektiv wëllt ausgin, dem kann ech folgendes recommandéieren:

1. Eng B.I.G. Astell- oder Makroschneck (Google seet der wous de daat fënns).

2. Een héichwärtegt Vergréisserungsobjektiv, wa méiglech é Sechslënser. Ween näischt esou aus analogen Zäiten erëmleien huet, kann op eBay kucken.

3. E Reduzéierrang vun M42 op M39 fir d'Vergréisserungsobjektiv un d'Makroschneck unzeschléissen.

Daat ganz funktionéiert natiirlech nëmmen manuell a mat Arbechtsblend.
rullj 17.09.2019 - 21:49
Super Makro
Nicon07 18.09.2019 - 14:52
Ennemis becoming friends? Een Nikon-Glas op enger Kanoun, an da kommen dobei sou scharf a flott Fotoen raus.closed_eye
Jaycee 18.09.2019 - 22:56
Ech huelen un mat Kanoun mengs de Kwanon oder, w?i daat haut heescht, Canon... Kuck emol gudd Nico, do war keng Kanoun am Spill, an awer tr?fft d?in Zitat och an dem Fall zou closed_eye
Nicon07 20.09.2019 - 18:09
Ech hu méch vum MarkII blende gelooss an dunn huet mäin onzoulänglécht Gehiir aus E-M10 eng Kanoun gamaach a kee Sportler mat 5 Réng... Egal! Du, Mir hun alles verstannen. closed_eye
Jaycee 20.09.2019 - 19:10
Konklusioun, et ass net alles Canon wou MkII drop steht, keint och z.B. een aale Jaguar sin...
Nicon07 21.09.2019 - 15:36
Hit the road, Jag! bigsmile
marker 19.09.2019 - 14:49
Flott an d'Bild gesat, an top Schärft, ... a sech wéi een dat vun enger gudder Vergréisserungsoptik erwaarde kann.
" a propos Aarbechtsblend, .. mech ging intresséieren wéin nach eppes mat deem Begrëff ufänke kann " closed_eye
Jiddefalls gutt gemaach.
Nicon07 20.09.2019 - 18:12
Oh, där Leit wärt et geschwënn der nach eng Doze méi an eisem Land gin. Ech krut nämléch vu ménger Schouldirektioun dëst Joer een Optionscours "Photographie argentique" a méng Tâche gesat fir 2e a 1ère Klassen, an do duerf ech elo mat Agfa, Rollei, Fed, Lomo an nach sou Bijoue ménge Schüler d'Slowknipse méi no bréngen... smile
Jaycee 20.09.2019 - 23:12
Ech hu nach eng Plaubel Peco Junior, dei wir optimal fir Superslowknipsen...
marker 21.09.2019 - 13:25
Cool, dat ass sécherlech een Challenge, ...bonne Reussite gewënscht closed_eye
Nicon07 21.09.2019 - 21:17
Also, mäin Direkter sot mir gëschter, datt méng Optioun am meeschte Succèes hat an datt di 12 Plaze relativ séier vergi waren. Do gesäit een, datt d'Jugend vun haut guer net sou op vollautomatesch smartphonegraphie addict ass, wéi een dat ka mengen. C'est une bonne chose!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 317 Gäscht online