Merci, Jean-Paul. Du häss méch misse gesin flaach um Buedem leie mam Rucksak um Réck an de Fotoapparat op de Ielebéi ofgestäipt. Gudd, datt keen do laanscht koum dee Moment.
An ech sin happy, datt ech d'Schärft esou kritt hu mat 105mm plus 2fach Konverter, besonnesch wou dee Krabbler ganz interesséiert war un deem Rouer mam décke Glas, deen do virun ëm louch, an dowéinst nët roueg do stoung, mais riicht drop lass gekrabbelt ass.