Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bouche gigantesque

 
Bouche gigantesque
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.05.2019
  • Gekuckt:
    38964
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/600 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0,7 EV
  • Gréisst:
    1600x1600
  • Späicherplaz:
    1525 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89913]
Kommentar vum Fotograf:
Eng schnéibedeckte Gletscherspléck um Aletschgletscher, ..Héicht ronn 20 Meter.
Nicon07 11.05.2019 - 16:31
Ech si bouche bée...

Bass du do mam Helikopter driwwer geflunn, oder has du ee straken Tele?
marker 12.05.2019 - 09:56
Ma nee, weder nach, just no genuch dobäi a mat 85 mm Brennwäit. Et ass genee geholl nach d'Jungfraufirn/Aletschgletscher
Strukturen hei am Schied hu mir besonnesch gutt gefall, dowéinst dës Opnahm.

Merci Nico fir däi Kommentar.
Nicon07 12.05.2019 - 20:19
Wéi grouss muss een séch dat Lach do da virstellen? Sou gesi, kéint dat grad sou gudd 10 Meter am Durchmiesser hu, wéi honnert. smile
marker 13.05.2019 - 09:06
Esou 20-30 Meter héich an och bal grad esou breet. Verglach mat engem Gebäi ging eng Duerfkierch samt Spëtzt hei labber era passen.
Nicon07 14.05.2019 - 12:24
Merci fir d'Präzisiounen. Et ass ëmmer schwéier, ouni "Etalonnage", séch eppes ënnert den Dimensioune virzestellen. Well d'Natur jo "fraktal" opgebaut ass, fënnt een di selwécht Strukture jo an alle Gréisstenuerdnungen rëm. z.Bsp: Ripplemarks laanscht d'Mier, Dünen a Sandbiergketten an der Wüst, vun uewe gekuckt, gläichen séch wéi een Eee deem aaneren... smile
marker 18.05.2019 - 14:59
Ass gär geschitt.
gemu 15.05.2019 - 13:28
Impressionnant a spannend Opnaam. Flott gewisen
marker 18.05.2019 - 14:26
Merci Georges, dat freet mech.
pixelman 16.05.2019 - 10:47
Gut dass du am Kommentar erwähns wéi Dimensioune sin, soss kéint ech mer dat ne virstellen. Eben well e Bezugspunkt félt.
marker 18.05.2019 - 14:33
Stëmmt, et gëtt Motiver wou ee sech schwéier kann orientéieren, zemools wann se och enk cadréiert sin an ouni vill Emfeld sou wéi an dësem Fall.
Merci pixelman.
Jean-Jos 20.05.2019 - 22:11
Eng krass Crevasse, kann een do soen. Déi Dimensiounen kommen effektiv nët eriwwer op den 1. Bléck, mee wann een et bis weess, kritt een richtége Respekt virun esou Sortien.
marker 21.05.2019 - 12:18
Jo, krass ass de passenden Ausdrock, an déi scho mi eeler Foussspuren op der lenker Säit sin och elo net onbedingt dee richtege Repère.
Merci Jean-Jos.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 294 Gäscht online