Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Turbulent..

 
Turbulent..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.01.2019
  • Gekuckt:
    76241
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    10 sec
  • Blend:
    f/32
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    50
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    N-2
  • Gréisst:
    1400x1120
  • Späicherplaz:
    683 KB
  • Originaldatum:
    2003.05.29 05:45
  • Fotoapparat:
    Sinar f2
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Apo-Symmar 150mm
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:

Stativ

Pentax Digital Spotmeter

Fir anzesetzen: [pg_img=89727]
Kommentar vum Fotograf:
..war d'Mier dee Moien virun Sonnenopgang un der Côte de Granit rose. Ee Bild no engem "Pseudo-Scan" mat Digitalkamera vun engem 4x5 Inch Negativ.

Fir déi wou et intresséiert:
Film war den Kodak T-Max 100, entwéckelt am Kodak D76 1:1
an soumat enger effektiver Empfindlechkeet vun 50 Asa.
D'Beliichtung gouf esou ugepasst fir kënnen no der N-2 Method "Zonensystem" am Kipprytmus z'entwéckelen an deen héije Kontrast am Negativ vun 9 op 7 Zonen ze reduzéieren.

Nicon07 28.01.2019 - 18:12
Ëmmer rëm schéi sou eppes! An d'Côte de granit rose ass jo prädestinéiert, fir esou ee gere vu Fotoen.

Interessant och déng Detailer zur Entwécklung, och wann ech als absolute Laien, deen nach ni ee Film selwer entwéckelt huet, do sti, wéi dee berümten Ochs virum Bierg. closed_eye

marker 31.01.2019 - 15:41
Jo genee, dësen Deel vun der Bretagne ass een Eldorado fir Fotografen.
Ech hat de Virdeel dat ech hei mam Campingcar ënnerwee war, an esou d'Méiglechkeet hat fir kënnen virum Sonnenopgang op der Platz ze sin.

Nach lang net jiddereen huet, respektiv hat d'Méigelegkeet seng Filmer selwer z'entwéckelen, mat enger korrekter Beliichtung, "dem A&O an der Fotografie" kruten seinerzeit déi meescht Labo'en trotzdem brauchbar Resultater zustanen.
Kuck och emol beim Georges sengem Komentar, do hun ech e puer Zeilen iwwer d'Beliichtung vu SW Film geschriwwen, ....och de Link ass intressant..!!

Merci Nico fir däi Komentar, mech freet et wann d'Bild gefällt.
gemu 30.01.2019 - 13:57
D'Belichtunszäit juste comme il faut, daat ass guer net evident mam Schwarzschildeffekt oder huet deen hei keng Roll gespillt? Ech känne mech guer net aus an der Entwecklunstechnik hun daat nach ni gemach unhappy Ech hun bis elo nëmmen Filmer verschwengst mat mengen analogen LZB Versich wou näischt richteges dobäi eraus komm ass. Ganz gelongen Bildféierung tëschend de Steng an d'oppe Mier eraus. Super Arbecht Marc,Respekt!
marker 31.01.2019 - 15:32
Du schreifs datt's du "nëmme Filmer mat analogen Laanzäitbeliichtungen verschwengst" hues, woubäi ech dovunner ausgin datt deng ugeschwate Negativen ënnerbeliicht sin, an domadder relativ transparent, oder??

Vu datt's du dech net an der Entwécklungstechnik auskënns probéieren ech emol e puer einfach Erklärungen ze gin.

Een analogen Film huet bei wäitem kee sou e groussen Dynamikëmfang wéi mir dat mat vun de Sensoren an eise modernen digitalen Kameraen kennen, an esou d'Biller mat ugepasstem nodréigleche Workflow weider kënne verschafft gin.

Fir déi optimal Densitéit am entwéckelte Film z'erreechen ass schwiereg wann een seng Filmer net selwer veschafft, vu dat all Labo mat standariséierte Prozesser fiert wou all méigeleg Filmer a grousser Quantitéit mateneen am engem Durchgang entwéckelt gin, (ausser de Motivkontrast huet fir déi eng oder aner Opnahm fir de Film gepasst, dann ass duerno d'Resultat och O.K., waat allerdings fir weider Opnahmen um selwechte Film bei aneren Opnahmsituatiounen a virun allem aner Kontrastverhältnisser net méi klappt.

D'Virdeeler vum Zonesystem wier deen Abléck d'Léisung, wat sech awer just bei eegenem kalibréierte Film/Entwécklungsprozess ze realiséieren ass, am Labo mat Standardprozess geet dat leider net. Fir dat ze verdäitlechen hun ech ee Link hei annexéiert, an do an der Tabell 3 gesäiss de ee Beispill wéi enorm d'Entwécklungszäiten vuneneen ofwäichen fir den ?%u2039nnerscheed vu 5 Liichtwerter an de Grëff ze kréien, an da verstees de och de virwaat eng fix festgesate Standartentwécklungzäit am Labo esou Kontrastsituatiounen onméigelech kann ausgläichen.

Och wann's du deng Filmer entwéckele léiss, wichteg ass op jidde Fall dat bei der Beliichtung all Informatiounen um Film enregistréiert sin, an dowéinst soll, oder muss een seng SW Negativfilmer iwwerbeliichten. D'Ursach läit op der Hand, d'Empfindlechkeet wéi se um Emballage ugin ass ass eng sougenannte Nennempfindlechkeet, déi effektiv Empfindlechkeet ass meeschtens (bal ëmmer) méi niddereg, a ville Fäll esouguer nëmmen d'Halschecht, also 1 ganz Blend manner, an ass en plus zu engem gewëssen Deel ebenfalls vum Entwécklungsprozess ofhängeg. (Beispill: Den T-Max 100 am 4x5inch Planfilm hat bei mengem Prozess ledeglech eng effektiv Empfindlechkeet vun 50 Asa, den T-Max 400 ebenfalls Planfilm ledeglech 250 Asa)

Du hues en plus de Schwarzschildeffekt ugeschwaat, an dat ass ab enger Beliichtungszäit vun enger Sekonn effektiv een Thema, vu dat mat längere Beliichtungszäiten d'Fimempfindlechkeet weider progressif ofhëllt, (hängt vum Film of). Hei bei mengem Bild an der 10 Sekonnen Beliichtung waren dat weider -35% Emfindlechkeet, (an anere Wierder, ..nach zousäzlech méi laang beliichten)

Am www fënns de awer genug Informatiounsmaterial an Tabellen mat Verlängerunsfaktoren fir déi allermeeschte Filmer wou um Maart sin, "am Punkt 5/Tabelle 8 vum Link vu virdrun sin z.b. e puer Angaben vum Kodak T-Max"

Wéi gesot, wichteg ass dat all noutwendeg Informatioun um Film ass, (wou näischt am Negativ ze gesin ass kënnt och näischt op de Print), an déi Platz bleiwt schwarz closed_eye, ...desweideren kann dee beschte Scanner an deem Fall och näischt ausriichten, falls ee sech fir ee spéideren digitalen Workflow decidéiert.

E grousse MERCI fir den Appreciatioun Georges, a weiderhin bonne Reussite op dengem Wee mat der analoger Fotografie
Nicon07 31.01.2019 - 16:54
Interessant Erklärungen. Merci, Marc. Ech probéieren, dorunner ze denken, di näxte Kéier, wann ech mol neess analog ënnerwee sin.
marker 03.02.2019 - 14:30
Gär geschitt.
gemu 01.02.2019 - 12:41
Villmools Merci Marc fir deng vill Méi den interessanten Link, de W.E. huelen ech mer deen Link mol genee ënnert d'Luppe, mee wéi gesoot da muss ech meng Filmer och selwer entwécklen. Eng Aufgab fir spéider an der Pensioun. Meng LZN Biller sin eigentlech net ënnerbeliicht wëll se an der Beliichtunsserie gemach hun, mee einfach matscheg ouni Kontrast a Schärft.
marker 03.02.2019 - 14:46
Gär geschitt, ..an d'Iwwerleeung fir spéider an der Pensioun selwer z'entwéckelen gëtt sécherlech ee richteg flotten Challenge.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 285 Gäscht online