Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mariendall

 
Mariendall
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.01.2019
  • Gekuckt:
    43669
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/2 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    95 mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    2000x1333
  • Späicherplaz:
    637 KB
  • Originaldatum:
    2018:12:26 09:30:16
  • Fotoapparat:
    NIKON D850
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 70-200mm f4
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89697]
Kommentar vum Fotograf:
Vu dass hei an der lescht diskutéiert ginn ass dass vill manner Aktivitéit ass, lueden ech meng neist Foto dann awer och mol hei erop :)
Am Mariendall op engem Moie wou alles gefruer war.
marker 19.01.2019 - 12:56
D'Stëmmung mam Bromee, an en Deel vum Bësch am Niwwel agekesselt gefällt mir gutt. Deen eenzele kromm gewuessen Bam, nach bal komplett am roude Laf passt hei an déi fraschteg Zeenerie wéi d'Fauscht op d'Ae.
Johny 19.01.2019 - 14:40
Merci. Et war wierklech Gléck dee Bam esou eenzel do stoen ze hunn.
Paul-H 19.01.2019 - 14:08
Wéi deng lescht Foto? Du als fréiere Prési gess och op hei?
Johny 19.01.2019 - 14:39
Ha, nee, dee Saz ass effektiv schlecht formuléiert! "lescht" war gemengt mat déi lescht déi ech bis elo gemaach a ropgelueden hunn op anere Plazen. Ech schreiwen dat léiwer anescht smile
Paul-H 19.01.2019 - 14:48
Ufff! Ok. Haat daat falsch verstaan.
gemu 19.01.2019 - 18:12
Harmonesch Faarwen mat engem "natierlechen" colorkey. Richteg flott a berouhegend Stëmmungsopnaam.
Johny 20.01.2019 - 11:31
Oppassen - colorkey dorënner verstinn déi meescht Leit direkt dass een am PS eppes eenzeges faarweg gelooss huet, wat awer hei net de Fall ass, dat war d'Natur, net de PS closed_eye
Merci!
gemu 20.01.2019 - 15:25
Richteg, daat wor mir bewosst, et fënnt een en normalerweis jo och nëmmen bei s/w Biller, ech hätt missen schreiwen "natierlechen" colorkey an hueln daat elo no.
Johny 20.01.2019 - 16:05
Ech hat däi Comment scho sou verstan, wollt just net dass een aneren et géif falsch interpretéieren smile
E Colorkey am PS géif ech perséinlech nämlech nie maachen closed_eye
Nicon07 20.01.2019 - 17:56
Schéi Foto vun enger Plaz, wou ech a ménger Jugend nawell dacks de "Bauch nët wéi hat" ... obscschon ech vill Kilometere mam Bike a mam Coursevelo an zu Fouss do ënnerwee war. Lo hun ech de Bauch wéi, wann ech wéinst dénger Foto dorunner zréckdenken... Mais ech wunne jo och elo net méi no bei Miersch.

Den natural Colorkey ass wirklech eppes, wat ee just am Wanter ka fotograféieren. Ech hat hat beim Trëtonguepelen an der Kolpéch an rop op Houltz och sou Szene begéint, hun awer keng Fotoe gemaach, well ech mat der Famill spadséiere war, an dann ass dat stresseg fir méch an di aaner, wann ech all 10 Meter stoe bleiwe fir ze knipsen... closed_eye

Allez, Johny, hëllef eis däi Kand un Liewen zwe haalen a weis nach méi dénger schéiner Fotoen!
Johny 20.01.2019 - 21:41
Merci Nico.

Ech wärt alt kucken heiansdo nach eppes erop ze lueden smile
Nicon07 23.01.2019 - 15:05
Tiptop!
Jean-Jos 20.01.2019 - 19:27
Absolut gelongen Foto!
Johny 20.01.2019 - 21:38
Merci smile
keijei 23.01.2019 - 19:08
Richteg schéin Foto déi hei! Den Kontrast zwëschen den rouden an den weißen Faarwen gefält ma richteg gutt. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 407 Gäscht online