Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sous un ciel menaçant

 
All Fotoen an dëser Serie:
46520 Thumbnail
46521 Thumbnail
Sous un ciel menaçant
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.01.2019
  • Gekuckt:
    33814
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89695]
Kommentar vum Fotograf:
Et kann een nët ëmmer gewannen...

Wi mir wollte vu Lausanne durch d'Wéngerten op Vevey wandere, si mir nomëttes géint halwer dräi vun engem heftege Wieder iwwerrascht gin. Jo, och am "Joerdausendsummer" 2018 gouf et hei ans do Reen. Gudd, datt mir séier konnten zu Epesses den Zuch op Vevey huelen an datt mir net deen Daag uewen an de Bierger rëmgekraxelt sin.
marker 19.01.2019 - 10:47
Eng ganz flott Lucht hues de hei agefangen, esou Stëmmungen hun ech immens gär. Ech hun eng liicht Preferenz fir di éischt, do passt de Cadrage richteg gutt, an et gesäit ee méi vun dem dramateschen Himmel. Di geschwongen, an dominant Schinnen mat hirer 'Oberleitung' am an zweete Bild hun awer och eppes.
Nicon07 19.01.2019 - 21:20
Merci och un déch!

Bei der 2. Foto war d'Wieder jo och schon eng gudd Véierelstonn mi aal.
gemu 19.01.2019 - 18:21
Di zweet ass mein däitlechen Favorit. D'Blidgestaltung ënnen an engem lënken Bou mat enger parallel Widerhuelung uewen mat de Wolleken ass super. Hei läit och eng gewëss Spannung dran, eng Geschicht, kënnt den Zuch virum Schlued oder gi mer zopp naass ? Di 1. Foto wierkt, ech wees et geet em den dramateschen Himmel, trotzdem eng grimmel ofgeschnidden ënnen, an et wees een net esou richteg wou de Fotograf stung. Et feelt e bessen daat Mettendrasingefill. Wann d'Wieder och net dengem Gusto a Plang entsprach huet dee Nomëtteg, sou has de dach an däer schéiner Wäigéigend genug Méiglechketten fir d'Sonn an/aus der Fläsch ze genéissen déi Drauwen di ganz Saison gespéicher hun
Nicon07 19.01.2019 - 21:19
Merci fir de Kommentar.

Ech stoung awer do, fléie kann ech leider nach nët! closed_eye


Du hues wirklch Adleraaën! Ech hun ënne wirkléch wechgecroped, well do zimléch onästhetescht Zivisatiounsgewurschtels ass. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 303 Gäscht online