Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Um Wéngertsbierg

 
Um Wéngertsbierg
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.01.2019). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.01.2019
  • Gekuckt:
    28054
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    112 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x900
  • Späicherplaz:
    357 KB
  • Originaldatum:
    2018:12:28 16:39:13
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89687]
Kommentar vum Fotograf:
... zu Greiweldeng.
pixelman 15.01.2019 - 18:05
vill weissen Himmel, een den daat gären huet !!

Dat hei ass an engems op deser Plaaz mein läschten Comment.

Kommen dann nees luussen wan dat Ganzt hei sech zum Gudden verännert huet.
Paul-H 15.01.2019 - 18:23
Merci fir de Kommentar pixelman. Bon, si ass schon op 16:9 gecropped, 2:1 wir mir lo perséinlech zevill gewiescht. D'Wis ennen hun ech bewosst kleng gehaalen, mee ech verstin awer deng Remarque. Hun der do vill méi gemaach, vleit lueden ech demnächst nach eng Serie mat aaneren Vuen rop.
Deng Kommentaren wärten eis awer feelen, ech fillen mech lo net geéiert dass däin leschten Kommentar ennert enger vun mengen Foto ass.
t-ren 16.01.2019 - 11:07
René ech verstinn och net alles hei um Site, mee deng Aussoo an et ass net dei eischt an deem Genre hei (hun annerer och schon gepost) , get ze denken.
Gin et Kriteren fir hei mat ze machen?
Waat get gewënscht?
An ouhni Kritik vun erfahren Fotografen kommen d Ufänger och net vum Fleck. Hm?
Nicon07 16.01.2019 - 13:36
Vun un, datt et photogen gëtt, an datt ech do matmësche, gëtt dës Diskussioun scho gefouert. Op aanere Fotositen am Ausland ass dat heiten iwwregens och net onbekannt. Ech hun och keng Léisung parat, déi do ee fir allemol Remedur schaaft (wéi et fréier mol an enger bekannter Sendung um gréissten a beléifste lëtzebuerger Fernsehsender geheescht huet). Ech hu selver schon eemol uploads vun 3 Joer hei geläscht a sin di läscht Zäit och quasi ni méi hei luusse komm. Lo maachen ech et neess, mais ech mierken, och, datt just nach eng Handvoll Leit hei posten. Ass dee Site hei ze vill "rigide", well et just em Photographie geet, an en net wéi FB oder sou funktionnéiert? Fillen di Jonk séch hei ausgeschloss, well di hei gewise Photoen nët hirer Generatioun an hiren Zäitgeescht ugepasst sin? Oder ass di allgemeng Tendenz, fir nët méi kontrovers diskutéieren ze wëllen an eventuell Kritik lauschteren ze wëllen eng Ursaach dovunner? Oder einfach nëmme just eng gewësse Saturatioun, datt een einfach mol eppes Aanescht wëll maache, gesin an héiren? Ech stelle mir just déi Froen, awer Äntwerten hun ech keng.
Kann et net awer och sin, datt een heiansdo mengt, et misst een onbedingt hei aktiv sin, fir dozou ze gehéiere, mais datt een einfach just kuckt a séch séng Gedanken zu de Photoen hei mécht, dat ass dach och schon eng wichteg Aktivitéit.

Merci fir alles wats du dësem Site hei gin hues, pixelman. Bis geschwënn!

Nico
t-ren 16.01.2019 - 10:55
Minimalistesch gefällt mer gudd, awer hei ass dann zevill weiss oder eppes mat der Bildandeelung komesch, perseinlech hätt ech des Foto halbeiert, riets ganz weg geholl a nach e bessen Erkan gezoomt. Mee bon Façon de voir.
Paul-H 16.01.2019 - 12:51
Huelen déi zwou Kritiken natierlech un. Gesin lo och dass déi éischt Versioun ze grouss cadréiert war.
Hun se lo ersaat, besser?
t-ren 17.01.2019 - 15:02
Paul, ech gesinn et ganz anescht:
kucken vun lënks eran stuessen op de Baam , gudd schein, an dann fällt alles aus dem Bild. Kann e villaischt esou wëllen, mam Titel : de Baam an dann ? ok, elo seriös,
ech, fir mech geif e Quadrat vun lënks un machen, da komme dei vertikal Weinstäck besser eraus , de Baam ass am leschten 3tel, den licht fallenden Horizont breng Spannung dran, awer de leeft net op Null aus.
bei dengem Bild ass den Eckläufer fir mech kee plus fir dës Foto.
Bon ass meng vue, ech leien villaischt falsch?
Paul-H 17.01.2019 - 18:44
Wéi gesoot, ech hun der nach vill méi vun deem Motiv gemaach, ech wärt dann demnächst eng Hei roplueden déi sou ähnlech kéint sin wéi vun dir beschriwen.
pixelman 17.01.2019 - 09:12
@Nicon07

Wéi noochléisseg déi Plattform hei ger?iert get, geseit een spéitstens mat der Publicatioun vun der Assemblée Générale déi schon e puer Joer zeréck leit.

Klengegkeeten, wéi den 3674 User e schéint Neit Joer ze wëschen, wéi et sech an enger Zivilgesellschaft geheiert, schéint fir de Präsident Oli Kerschen keen Thema ze sin.

Ech bezweifelen dat den Comité sech iwwerhaapt nach aus deene Memberen zesummesetzt déi hei ernimmt gin (Oli Kerschen, John Oesch,Chaterine Thill, Anouk Hartmann, Bob Bamberg, Steve Schneiders, Alex Kaiser). Warscheinlech get daat Ganzt per Smartphone vun enger eenzelner Persoun, en passant, geréiert. Et huet jo selwer een vum Comité geschriwwen, dass des Plattform net zu hierem Focus gehéiert.

Den Zuch fir Photogen ass fort, längst hun aaner Site wéi FB, Instagramm, Fotocommunity, d'Relève iwwerholl, wou Lëtzebuerger Fotografen méi Interkommunikatioun fannen wéi hei.

Ech denken, e Jonken den sech fir Fotografie begéschtert a hei lant, kritt mat der Zeit e komeschen Androck an stellt sech d'Froo, ob daat dann elo alles vun der Fotografie ass ?
Paul-H 17.01.2019 - 11:56
Ech wollt am Fong och haut op dem Nicon07 säin Post entweren. Mee du hues baal alles sou gesoot wéi ech et och geschriwen hätt. Assemblée Générale, Neit Joer, Comité....., alles daat hätt ech och geschriwen. Et héiert een einfach NULL.
Et gett mol keen Concours méi organiséiert.... woubäi deen leschten war en Debakel. D'Auteuren vun den éischten zwou Fotoen haaten sech, waat ech deemols genau nogekuckt haat, just fir den Concours hei en Account gemaach, den wou déi éischt Plaatz kruut war mol net méi no der Publikatioun vun de Resultater ageloggt. Deen zweeten fir d'lescht just no der Publikatioun. Duerno koum och keng Foto méi vun deenen zwee hei. Meng kruut déi drëtt Plaatz vun 3, also hun der nemmen 3 mat gemaach. Do misst de Comité sech dach Gedanken maachen. ?%u2030ischtens: Firwaat maachen keng Leit méi matt? Zweetens: Wéi ass daat Resultat do méiglech wann een d'Fotoen kuckt ? Ech hun do esou e Verdacht: D'Stemmen fir déi éischt zwou Fotoen koumen vun Fake Accounts déi just gemaach gin sin fir kennen oofzestemmen.
Sou Saachen missten dach vill besser am Aan behaal gin. Wéi's du sees: Et wärt irgendeen mol heiansdo d'Säit vun engem Smartphone geréieren, an daat war et dann.
Hei sen vill gudd Leit déi lescht Joeren fort gaangen oder si lueden näischt méi rop. Ech war PG bis elo trei, mee wann et sou weider geet dann transferéiren ech meng Lizenz zwar och bei en aaneren Veräin.

- Edit- Op der PG Facebook Seit leeft seit Mee 2018 och keng mei.
Nicon07 17.01.2019 - 13:09
Merci fir äre Feedback, dir 2. Ech si ganz ärer Meenung, hun et awer méi "gemässegt" ausgedréckt, well ech nach ëmmer un dat Gudd am Mënsch gleewen. Effektiv muss et engem zwar ze denke gin, datt am Fong just nach eng Handvoll Leit hei posten a poteren. Datt et quasi keng Wiel fir d'Wochefoto gëtt, faute de candidates. An datt mir och just nach zu puer ënnert eis kommentéieren. Mais vläicht liesen di richteg Leit dat heiten an si fannen eng Léisung fir de Photogenexit nach ze verhënneren.
Johny 20.01.2019 - 11:30
Ech wëll mech och eng Kéier (kuerz) heizou äusseren.

Scho viru puer Joer hu mer kloer gesinn dass ëmmer manner Aktivitéit war um Site, obwuel deemools nach reegelméisseg Concourse waren a Meetingen. Vill gehollef hunn déi Saachen also och net méi. Dofir war zu dem Zäitpunkt meng Iddi Photogen ganz frësch ze maachen an an engems d'Konzept ze änneren, fir et erëm méi interessant ze maachen. Leider hunn ech no enger gewëssener Zäit mussen agesinn dass ech dat zäitlech net méi hikréien, vu dass ech 2013 meng eege Firma gegrënnt hunn, a vill Zäit do dra gestach huet musse ginn. Et ass hei ëm technesch Ëmsetzung gaang, d.h. hëllefen dobäi konnt keen aneren.
Vu dass ech ëmmer manner Zäit krut och nach déi alldeeglech Saache bei Photogen ze maachen, hunn ech gemengt et wier am beschten meng Roll als President op ze ginn, well et wier sécher besser wann en aneren, dee méi Zäit dofir kann hu wéi ech, déi Roll huet an de Projet leede kann. Leider awer stellt sech eraus dass och kee vun deenen déi dunn wollten d'Responsabilitéit iwwerhuelen, déi néideg Zäit respektiv Prioritéit op Photogen setzen, soudass elo nach manner Aktivitéit ass wéi virdrun.
Leider ass elo schwéier dorun eppes ze änneren, an ech wéisst och net wat een zu wéi engem Zäitpunkt hätt mussen anescht maachen fir op e bessert Resultat ze kommen.
Et deet mir och leed ze gesinn dass Photogen esou ënner geet, an keen Zäit a Motivatioun huet sech anstänneg drëm ze këmmeren, sou wéi dat deemools bei mir a menger éischter Equipe de Fall war.
Paul-H 20.01.2019 - 13:38
Johny, ech mengen net dass du hei muss Erklärungen iwer d'Grënn vun dengem deemolen Rëcktrett gin. D'Grënnung vun enger eegener Firma seet am Fong schons alles, an wann ech mech richteg errennenren bass du an der Tëschenzäit och Papp gin.
De momentanen Comité ass kloer am Feeler, net du. Wéi's du demissionéiert hues war vleit schon e bessen manner hei lass, mee et war awer keen Verglach mat dem Armut vun haut.
Ech mengen mol net dass et, zumindest engem Deel, vum "neien" Comité un Zäit feelt. Zumindest vun engem Member wees ech dass hien an aaner Veräiner Vitreeg haalen geet aplaatz sech mol fir d'éischt em säin Veräin ze kemmeren. Daat seet alles iwer d'Dédicatioun fir photogen.
Johny 20.01.2019 - 14:36
Ech hunn dee Kommentar geschriwwen net fir meng Grënn ze rechtfertegen deemools, mee einfach just fir meng Opfaassung vum ganzen ze deelen, vu dass keen aneren esou involvéiert war an dëse ganze Projet wéi ech. Meng Décisioun war, fir mech, ëmmer nach déi richteg well ech d'Zäit definitiv net hat (an jo, ech sinn och Papp ginn d'lescht Joer), ma trotzdem deet et wéi et ze gesinn esou d'Baach rof ze goen.
OK-Photography 20.01.2019 - 22:14
Eiei smile Vill Thema'en mateneen, an net sou einfach op ALLES eng Äntwert ze ginn. Puer Saachen stinn awer effektiv fest: Den Club huet grouss Schwieregkeeten een Fortbestand ze garanteiren wann en "keen Doheem" méi huet, ouni Sall ass alles zimlech schwirig.
Glaichzaiteg huet all Eenzelenen Comitémember d'Uni-Zaiten hannert sech, an ech kann garanteiren dass KEEN EEN vun denen Leit méi déi Zait huet déi mer mol fréier eng Kéier haaten.
Oder anecht formuléiert Paul: Och ech sinn keen Student méi, an och ech hunn een Berufs & Familien-liewen wat vill Zait eweschhelt.

Wann och nemmen 1 vun den Leit déi hei souvill schreiwen sech op eisen Meetings, oder op d'Generalversammlung komm wier, wieren se up to date wat eis Problemer sinn an wourunn den Projet ze scheiteren droht. Och wier dann wuel een Verständniss dofir dass an der Digitaler Welt een Site den iwwer 10 Joer aal ass, vill Problemer kritt, an dass een Comité den zwar FOTO ass mä leider keen PROGRAMMEIREN kann, do och net vill ennerhuelen kann.

Amplaatz béiss Wieder hei ze tippen giffen mir eis als Komité fréen op där nächster Generalversammlung eis Memberen ze gesinn, och gären déi wou nemmen den Site benotzen an naischt finanziell dozou baidroen, vir dass mer zesummen een Bleck an d'Zukunft kenen werfen.
Johny 21.01.2019 - 08:44
Ech wier selwer och gär op déi lescht Generalversammlunge komm, awer dir hutt iech ëmmer grad en Dag eraus gesicht dee mir guer net gaang ass. Dat ass natierlech lo kee Virworf, do ka keen derfir, mee ass einfach just domm gaang.

De Sall awer (an dat hätt ech dann och op enger AG gesot closed_eye) ass keen Hindernis. Et gouf PG och schonn éiert mer e Sall haten, mat extrem vill Aktivitéit. Kloer war et praktesch an eigentlech en extreme Privileg een ze hunn, mee keng Necessitéit. E Studio lounen kënnen d'Memberen dann net méi, schued - mee fir alles anescht fënnt ee Léisungen. Et gi genuch Clibb déi Raimlechkeeten hunn , an ënner Form vun enger Zesummenaarbecht sécher och gewëllt wieren déi emol zur Verfügung ze stelle fir Workshops oder den een oder anere Meeting.

Dass ech deemools selwer President war, an dee war dee PROGRAMMÉIERE konnt, war scho praktesch, jo. Mee kuck mol rondrëm, wann esou Projeten entstinn oder geleet ginn, an deene seelenste Fäll ass an der Equipe selwer ee mat derbäi deen déi technesch Ëmsetzung maache kann. Bei Photogen war just jidderee sou dru gewinnt, dass lo wou et net méi sou ass, Stillstand ass. Wat et awer och schonn déi lescht Joren war wou ech nach do war, eben wéinst der Zäit.

Am Sënn vum konstruktive Site, deen ech ëmmer wollt dass et ass hei e konstruktive Kommentar mat engem Resumé vun e puer konkret Iddien déi der kënnt mat an déi nächst AG huelen, falls ech net sollt komme kënnen:
- Kollaboratioun mat anere Clibb fir mol heiansdo rëm en Workshop ze halen
- Meetings organiséiere wou et ëm d'Fotoe maache geet - dat waren ëmmer déi bescht
- Mir matdeelen wat fir iwwerflësseg Funktiounen um Site ech desaktivéiere soll (Concoursen evtl, Tutorials sécher .. ?)
- De Comité reduzéieren op déi Leit déi wierklech sech fir PG interesséieren, e muss net kënschtlech grouss gehal ginn. 3 gutt Leit si besser wéi 8 déi keng Zäit hunn)
marker 18.01.2019 - 12:22
Esou cadréiert passt et.
Gefällt Paul.
Paul-H 18.01.2019 - 13:39
Merci marker.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online