Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grenzgletscher

 
Grenzgletscher
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.01.2019
  • Gekuckt:
    72876
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1800x1200
  • Späicherplaz:
    798 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89667]
Kommentar vum Fotograf:
am Monterosa-Massiv vum Gornergrat aus fotograféiert, an der Mëttestonn am Juli 2018.
marker 07.01.2019 - 22:17
Vum Gornergrat huet een natierlech eng super Vue op Dufourspëtzt an dat ganzt vergletschert Monte-Rosa Massiv. Deen héige Sonnestand an dat haart Liicht ëm d'Mëttesstonn sin net onbedingt vu Virdeel an der Fotografie, dofir sin awer d'Wolléken eng wëllkomm Plus-value hei am Bild.
Gefällt mir gutt.

Kuck och emol hei, do hun ech virun e puer Joer am spéide Nomëtteg um Wee fir op d'Monte-Rosa Hütt praktesch esou eng ähnlech Vue fotograféiert.
Nicon07 08.01.2019 - 21:36
Déng Fotoe vun do uewe sin awer och exzellent. Wéi ass dat da, fir op déi Hütt do ze goen? Muss een do extra equipéiert sin a klamme kënnen, oder kommen och sou Flachlandtiroler mat liichtem Wohlstandsgewächs op den Hëfften mat uerdentléche Wanderschung dohinner? smile
marker 09.01.2019 - 11:07
Deng Fro ass schwéier ze beäntwerten, de Wee ass jiddefalls als ganz schwiereg agestuft, ...ouni Seel a Crampo'en un de Schung geet et NET. Ech hun d'Hütt leider och net gesin, um Niveau vum Gletscher (no de Metall-Leederen) war et einfach ze geféierlech, a fir meng Fra a mech war hei Schluss unhappy
E gudden Abléck vun der Schwieregkeet vum Wee verschaaft dir dësen Amateurfilm
Merci fir dat 'exzellent'
Nicon07 09.01.2019 - 12:47
Merci! dat as dann och näischt fir eis! Dat hätt ech da misse virun 30 Joer maachen, wéi ech nachméi sportléch war. Fir elo mat Mëtt 50 di néideg Form neess ze kréie, misst ech scho vill Zäit an Energie investéieren. Da bleiwen ech da léiwer op den "touristesche" Weeër a maache Fotoe vu wäitem.
t-ren 08.01.2019 - 21:05
Wei den Marc schreiwt, eng ganz schweier Auerzait fir Fotoen mat vill weiss, dei hei gefällt mer gudd, Detailler kommen gudd eraus.
Nicon07 08.01.2019 - 21:34
Merci, René. Ech weess ganz gudd, wéi et ass, an der praller Mëttessonn ze fotograféieren, mais genau sou wësse mir semi-Profifotografen awer och, datt d'Ausnahm d'Regel bestätegt. closed_eye

Effektiv kann ech vu Chance schwätzen, datt deemols do uewen d'Wolleken do waren.
gemu 09.01.2019 - 08:50
?%u2039mmer nees schéin ze kucken wann och engem d'Häerz blutt wann de Misère gesäit wéi de Gletscher sech zréck gezun huet. Egal wéi, eng imposant Vue mat schéinen Détailer a Kontraster hues de do festgehal. Gefällt mer excellent.
Nicon07 09.01.2019 - 12:54
Gletschere wuessen an zéien séch zréck, dat ass normal, och ouni dem Mënsch säi schiedléchen Afloss. Kuck mol eng Kéier genee, wanns du an de Bierger ënnerwee bass: do gesäis du Spuere vu Gletscheren, déi scho méi wi 100 Joer aal sin. A wann d'Katastrofeproféiten an den Dokumentären op arte asw... Recht behaalen, da brécht geschwënn dee gréisste Vulkan op Island aus, a vläicht och d'Solfatara an der Bucht vun Neapel an den Death Valley oder den Krakatau op Indonesien, an da kréie mir wéi am spéide Mëttelalter neess eng kleng Äiszäit mat Néierschlag dat ganzt Joer, niddregen Temperaturen an Hongersnout... smile closed_eye
Nicon07 09.01.2019 - 13:06
Merci fir de Fav.

ups, lo hun ech dat 2 mol geschriwwen, sorry! smile
Nicon07 10.01.2019 - 17:24
Merci fir de Fav!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 339 Gäscht online