Merci fir den Tipp! Am Endeffekt hunn ech probéiert d´Wolleken méi dramatesch ausgesinn ze loossen, well d`Original amfong an dem Beräich total iwwerliichte ass. Sinn ëmmer nees erstaunt driwwer wat Adobe Lightroom alles aus enger .rwa Datei rauskritzelt.
oh jo, souguer aus engem jpeg dee verscha... ass kritt een nach villes eraus, mee all eis Kritiken oder Avisën sinn schweier ze verdeelen an op ze huelen, muss ech elo nach emol hei soen, well hun des Foto geschter um Ipad gekuckt, do hun ech et donkel fonnt, elo um groussen Schirm ass et net méi grad esou...
kalibreieren, hunn ech awer och nach nie gemeet, fällt mer awer och op well ech op verschidden Siten erop lueden , dass dei Server oder Systemer ganz gudd Biller nawell ziemlech masakreieren. Wahrscheilech ginn Biller je no Site och nach emol kompriméiert.
Also Facebook kompriméiert mol secher, aanerer bestemmt och. Ganz einfach fir Plaatz op hieren Serveren ze spueren.
Waat d'Bildschiermer ugeet: Meng Erfahrung ass dass een nie eng Foto fir alleguer d'Bildschiermer optiméiert kritt. Verschidden Fotoen gesin z.b. op engem Ipad besser aus wéi op engem Desktop, bei aaneren ass et emgedréit. Mee et sin hei bestemmt Leit op PG déi sech do besser auskennen wéi ech.