Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Skúlagar

Skúlagar
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.08.2018
  • Gekuckt:
    480
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    155 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x891
  • Späicherplaz:
    1817 KB
  • Originaldatum:
    2018:08:15 11:53:13
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 70-300 mm
Kategorie: Digital Art »» Natur
2. Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89425]
Kommentar vum Fotograf:
Ásbyrgi Canyon
Paul-H 26.08.2018 - 14:35
Naaaaaa, compositioun an cadrage ass gudd mee ech mengen do hues de mat de Faarwen iwerdriwen.
gunman 26.08.2018 - 17:44
Schléissen mech dem Paul-H un, ass fir mech och farwlech gesinn e bessen to much
pixelman 26.08.2018 - 20:20
tiptop Jean-Paul, et ass begréissenswärt wéis de hei mol eppes ganz aneschders weiss, experimentéieren ass ëmmer erwenscht.
t-ren 27.08.2018 - 18:21
Courage ... uh la la smile , jo wann e naischt probeiert , dann kennt och naischt eraus smile
well et esou vill ass, hätt ech fir mech e Quadrat oder 4/3 gewielt.
Digital Art ass Digital Art, fir mech ass do alles erlaabt, och ze iwerdreiwen.
Jean-Jos 28.08.2018 - 20:21
Villmols Merci Paul-H, gunman, pixelman an t-ren.

D'Foto ass e Versuch gewiescht, den sech ugebueden huet wéinst denen 3 Schichten an dem wäissen Haus passgenau an der 2. Schicht. Allerdéngs war se ursprünglech guer nët fir hei ze weisen geduecht.
D'Publikatioun hei ass och e Versuch gewiescht, et kann een et och Provokatioun nennen.

Effektiv goufen an de läschten 8 Deeg jhust 11 Fotoen eropgelueden (dovunner 3 vu mir) an 28 Kommentarer vun nëmmen 6 verschiddenen Useren geschriwwen (dovunner 10 vun de jeweilegen Auteur'en vum Bild selwer). Méi wéi 1 oder 2 Kommentarer kruten jhust d'Wochefoto (an dat total verdéngt), eng Panaromafoto aus de Bierger, wou et drëms goung dem Auteur ze hëllefen, an déi heiten, déi komplett aus der Reih danzt.

Ech froe mech wou den Intérêt vun 3664 Useren läit fir hei ugemeld ze sin, wa nëmmen esou wéineg Leit Intérêt hun eppes ze weisen, ze kommentéieren . . .
pixelman 29.08.2018 - 09:21
Jean-Paul, op manst 80% vun den Useren hun 0 Fotoen erop gelueden, daat erklärt alles.

Ech verplemperen hei net zefill Zeit, dofier ass mer d'Fotografie ze wichteg.

Paul-H 30.08.2018 - 22:01
Deng Statistk ass ganz interessant mee gläichzäiteg och en Trauerspill. Et geet e bëssen d'Richtung vun deem waat ech alt mol schon hei geschriwen hun.
Waat déi vill Useren ugeet déi hei nach näischt rop gelueden hun sen ech mol sou king ze behaapten dass daat der sin déi gefroot goufen fir sech hei ze registréieren fir just kennen bei Concoursen a Wochenfotoen mat oofzestemmen. Deen leschten Concours war secher e ganzt krasst Beispill dofir.
Irgendwéi misst mol een aus dem Comité sech Zäit huelen alleguer déi einfach ze läschen. Et kann een des Säit jo och kucken ouni ugemellt ze sin fir sech just Iddien ze huelen etc. Ech hun daat am Ufank och sou gemaach.
Mee och sou muss spéitestens elo de Comité d'Kätonguep zesummen strecken fir hei méi Pepp ran ze brengen.
pixelman 04.09.2018 - 11:37
Paul, am Comité ass keen deen sech mat Progammation auskennt.

Dem Comité ass et egal waat hei geschitt.
Paul-H 04.09.2018 - 13:35
Bon, egal wéi gudd een sech mat Internetprogrammatioun auskennt: Et ass emmer schwéier an engem aaneren sengem Code ze schaffen.
Ech sen awer mol der (subjektiver) Meenung dass et net kéint sou schwéier sin bei den registréierten Useren déi nach näischt rop gelueden hun, ze raumen.
t-ren 31.08.2018 - 22:44
Dass d Haus just dran passt hunn ech mol direkt net gesinn oder erkannt, dass dat genau dee wichtegsten Punkt an deem Deel vun der Photo ass. Et ginn nëmmen 4 Sachen ze kucken, ass net vill, an sou plazeiert , top.

jo fir de Recht , ass villaischt e Summerlach, hun mer awer och vill mei erwuart hei... virun e puer Joer wann ech hei zereck wullen war vill méi lass.
Schued dass just e puer Kommentairen kommen. A vill gudd Fotografen hun schon laang naischt méi erop gelueden , schued

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

behind the clouds

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: huvel
Am Ganzen: 3665
1 Benotzer an 123 Gäscht online