Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Monte Baldo

 
Monte Baldo
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (24.08.2018). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.08.2018
  • Gekuckt:
    28578
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1929x643
  • Späicherplaz:
    250 KB
  • Originaldatum:
    2018:08:22 11:48:50
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 16-40 mm 1:4 L USM
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89422]
Kommentar vum Fotograf:
Panorma vum monte baldo zu malcesine
Paul-H 24.08.2018 - 17:25
Also d'Motiv gefällt mir ganz gudd mee irgendwéi ass d'Foto iwerschärft. Hues de do nogehollef? Falls jo, dann war et zevill.
Jean-Jos 24.08.2018 - 18:33
Ech gesin dat och esou, hei wär doriwwer eraus vill méi dra gewiescht: z.B. d'Kéi an d'Wiss vir ophellen, d'Faarwen ajustéieren (et ass zevill Blostach dran) . . . fir mech kéim se esou nët a mäi Wakanzenalbum.
Eric_1989 24.08.2018 - 19:50
hallo Paul hallo Jean Jos ech hunn foto elo ersat an hoffen das sie elo besser ass smile lg eric
Paul-H 25.08.2018 - 13:41
Sou gefällt se mer vill besser.
Et ass och gudd dass se an engem Standardformat ass (1/3), sou kanns de se an enger nächster Expo brengen ouni drun schneiden ze goen.
Eric_1989 26.08.2018 - 00:22
Hallo Paul 1/3 ass dann 300x100 cm ?
Paul-H 26.08.2018 - 11:55
300x100cm wier just een Beispill, wir allerdings mega grouss an eng Gréisst wou déi klassesch Firmen wou Vergréisserungen maachen, net ubidden. An fir sou eng grouss Vergréisserung géifs de och eng immens grouss Opléisung vun der Foto brauchen fir dass d'Qualitéit och ordentlech ass.
D'Säitenverhältniss vun enger Foto ass näischt aneschters wéi d'Verhältnis vun der Héicht zur Breet (oder emgedréit), an deem heiten Fall ass d'Breet 3x méi grouss wéi d'Héicht (643x3 = 1929). Méi richteg wir gewiescht wann ech hei 3/1 geschriwen hätt well normalerweis déi éischt Zuel d'Breet représentéiert.
Z.B. kéins de des Foto am 90x30cm bestellen (30x3 = 90). Oder am 120x40cm (40x3 = 120) asw. Daat sen Moossen déi een normalerweis bei all Fournisseur kritt. Et gett der och déi vergréisseren sou zimlech all Mooss, mee do fänkt et dann awer un fatzeg deier ze gin.
t-ren 24.08.2018 - 21:59
Eric,wanns du Lightroom hues, e Verlaafsfilter fir den Himmel setzen, liicht méi donkel machen, e bessen primär blo eraus geholl, a virdrun nach um Donstfilter reckelen, daat misst schon eppes gin.

Eric_1989 24.08.2018 - 22:13
Ech hun dat gemach

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 263 Gäscht online