Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Hawai
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.07.2018
  • Gekuckt:
    989
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    285 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x450
  • Späicherplaz:
    199 KB
  • Originaldatum:
    2014:07:15 20:34:24
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89338]
Kommentar vum Fotograf:
Surfer's paradise
Metalbambi 02.07.2018 - 20:58
Prinzipiell cool Scene déi's de och gutt erwëscht hues. Allerdéngs ass den Cadrage en bëssen ongënschteg well déi ganz Dynamik vun der Well riets verluer geet. En Stéck méi héich an méi no riets, sou dat den Surfer um lénksen Drëttel ass, wier hei déi besser Léisung gewiescht. An d'Vignette ass en bëssen too much...
lux-weimaraner 03.07.2018 - 06:48
Et ass eng Vakanzenfoto!!!
Paul-H 03.07.2018 - 12:25
Och Vakanzefotoen kann een verbesseren. Gin dem Metalbambi vollkommen Recht.
Metalbambi 03.07.2018 - 18:03
Entweder wëlls de Kritik vir d'Foto oder se huet näischt hei um Site verluer. Einfach just vir ze weisen ass bei Facebook etc.
lux-weimaraner 04.07.2018 - 13:12
Ech mengen du hues mir naischt irzeschreiwen...
pixelman 05.07.2018 - 07:16
...woubei op Facebook lëtzebuerger Gruppen vertrueden sin déi Dag fir Dag qualitativ héichwärteg Fotoen weisen.
Metalbambi 05.07.2018 - 21:17
Dat huet jo guernäischt heimadder ze doen. Natierlech gett et déi Gruppen, an et gett der sécher och an deenen vill konstruktiv kritiséiert gett. An awer ass den Sënn vun eisem Sote wat en ass, an wann een einfach just well Fotoen der Allgemengheet zougänglech maachen ass een hei falsch, dofir ginn et déi ganz Sozial Medien.
lux-weimaraner 04.07.2018 - 13:08
blablabla
Paul-H 04.07.2018 - 22:02
Also Deng Reaktioun hei ass, douce ausgedrèckt, enner all Niveau. De Metalbambi huet Dir näischt virgeschriwen sondern just ganz fein a manéierlech e puer Tipps gin. A wéi ech geschriwen hun, och Vakanzenfotoen kann een verbesseren. Du hues jo awer dru geschafft soss wir jo d'Vignette net drop. Elo kruus de nach e puer gudd gemengten Tipps an dann kennt sou eng Reaktioun. Kanns de eis mol verroden firwaat?
Hei nach e gudd gemengten, manéierlechen Tipp mengersäits: Wanns de Deng Fotoen méi grouss géifs rop lueden wir och net vun Muttwëll, dann géif een beim drop klicken méi Détailer gesin.
OK-Photography 05.07.2018 - 14:38
Effektiv schued dass een sou Wieder nach eng Kéier muss widderhuelen, ma mir als Comité hätten et och net besser ausdrécken kënnen wei den Paul-H.

An dem Moment wous de d'Foto eropluets verstees de dech mat den Konditiounen vum Site averstane, fir nozeliesen hei: https://www.photogen.lu/?page=terms

Den Punkt 2)a. an och 7)a. wier gutt nach eng Kéier no ze liesen.

En éischt Verwarnung huet den Metalbambi dann well ausgeschwat.
Jean-Jos 05.07.2018 - 23:10
D'Motiv hues de gutt agefangen, ech géif se virun allem lénks wéinstens en Drëttel an der Breed ewech huelen an ënnen zirka 20%, riets ganz e bëssen: da kënns de nët nëmmen op d'Standardformat 2 zu 3, mee du kriss virun allem de Surfer an de gëllene Schnëtt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Lakeview

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: chimasgnd
Am Ganzen: 3669
3 Benotzer an 174 Gäscht online