Staark Foto durech d'Luucht!
Vu datt een d'Konturen mat däerer doter Beliichtung esou richteg ongewéinlech an de VG stelle kann, kéint ech mer virstellen, datt d'Foto nach vill méi uspriechend wär ouni d'Hänn.
Do muss ech der aawer ausnahmsweis widerspriechen Jean-Paul, d'Hänn sin e wesentlecht Element an all Porträt, zumools an dësem Lowkey.
Sie machen daat Ganzt zu engem harmoneschen Gesamtbild.
Ech verstin däin Awand ganz gutt a sin d'accord domadder.
A ménger Vue goung et jhust ëm Luucht an Konturen: an do, kéint ech mer déi selwécht Foto ouni Hänn awer dofir ënnen e gutt Stéck geschnidden richteg gutt virstellen.