Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Run Sally Run

Run Sally Run
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.06.2018
  • Gekuckt:
    31191
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    nee
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x684
  • Späicherplaz:
    546 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D750
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    70-200 2.8 VR
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89283]
Kommentar vum Fotograf:
D'Sally am Gaart bei de Schwéierelteren
Paul-H 05.06.2018 - 11:43
Fir mäin Goût e bessen zevill Vignete an/oder Bluring, soss awer ganz flott an dynamesch.
jahbalaha 05.06.2018 - 15:32
Merci fir de Feedback, mee do ass guer keen kënstléche Blurring am PS dragesat ginn, ass mat oppener Blend 2.8 fotograféiert ginn. Et gesäit een et eventuell besser hei: https://bennyschiltz.myportfolio.com/dogs
Paul-H 05.06.2018 - 22:17
Yep, op der Internetsäit kennt se irgendwéi besser riwer, vleicht och just well se do méi grouss ass. Du häss se hei evtl. och kennen e bëssen méi grouss rop lueden, wann een drop klickt gesäit een dass nach Raum no uewen ass. 684 an der Héicht ass e bëssen "denn". Ech lueden meng normalerweis mat 900 an der Héicht rop.
Ech haat daat mat der offener Blend schon gesin, eng Grimmel manner hätt et och gedoen mengen ech. Aanersäits gesin ech natierlech an dass et net einfach ass fir déi richteg Blend ze fannen wann e Mupp sou op Dech zougerannt kennt.
Ech perséinlech fannen trotzdem d'Ecken liicht ze däischter, do hätt ech opgehellt, mee wéi emmer: a.d.G.

Ajo, d'Waaserzeechen fannen ech och e bessen onglècklech placéiert, mee do mecht jidfereen natierlech wéi en wëllt.
pixelman 05.06.2018 - 11:50
haat schon gemengt de winzegen Logo wär e Fussel !
OK-Photography 06.06.2018 - 12:02
flott Onschärft! ass net emmer sou einfach mat souvill flou een Sujet anzefenken den ech beweegt - ass gudd gelongen!
Ma joh, mir well dei stark Vignette och net sou richteg gefaalen, ass wuel affaire de goût.
Jean-Jos 08.06.2018 - 21:50
Fäin!
Op myportfolio.com/ kënnt se nach vill besser eraus!
gunman 08.06.2018 - 22:20
Ech fannen d'Photo top, mais...deen Logo op der doter Plaatz daat fannen ech guer net gutt !
Jean-Jos 08.06.2018 - 22:42
Ech verstin dech, awer , esou dezent an der Gréisst, stéiert en a méngen Aen awer nët esou gewaltég.
marker 19.06.2018 - 10:17
..richteg flott, an de Bokeh passt super..!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 331 Gäscht online