Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gemauschels ?

 
Gemauschels ?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.05.2018
  • Gekuckt:
    28439
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x900
  • Späicherplaz:
    468 KB
  • Originaldatum:
    2018:05:06 15:09:22
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Events »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89273]
Kommentar vum Fotograf:
Des Foto haat ech fir den "Supercar" Concours ropgelueden. Ech kruut déi drëtt Plaatz vun dräi déi matgemaach hun. Mol oofgesin dervun dass ech et einfach nemmen lamentabel fannen dass just 3 Läit matgemaach hun fällt awer nach eppes op: Déi 2 aaner Auteuren sen desem site den 6.5.2018 bäigetrueden, den selwechten Daag wou desen Event war. Een vun deenen zwee war fir d'lescht den 6.5.2018 owes em 20:57h hei agelogt (Stand haut den Owend). Allen zwee hun si weider nach keng Foto hei ropgelueden, ech sen mol gespaant waat dann do nach kennt. Ech sen keen schlechten Verléirer mee maacht Iech selwer e Bild iwer d'Qualitéit vun den dräi Fotoen.
Just zur Info, ech soutz ca. 5 Minuten op den Huppen an hun gewaart fir keng Leit drop ze kréien. Déi aaner zwou gesin aus wéi einfach mol sou oofgedreckt, wieren se hei regulär gepost gin wieren se zerappt gin. An dann kennt meng op déi lescht Plaatz (mat net wéineg Oofstand op déi zweet), ech fannen daat alles e bëssen suspekt.
Jean-Jos 25.05.2018 - 23:45
(Hoffentlech) Kee Gemauschels, awer eng TOP-Foto, wann ech se am Grousse kucken. Kompliment Paul!
Paul-H 26.05.2018 - 09:44
Villmols Merci Jean-Paul.
pixelman 26.05.2018 - 09:22
Virun allem ass se net zefill verzunn, d'Faarven sin top !
Bei dém passive Comité soll een sech net zefill erwaarden.

Paul-H 26.05.2018 - 09:47
Villmols Merci pixelman.
Ech sen gespaant op weider Reaktiounen, vleit och vum Comité.
gunman 26.05.2018 - 18:19
Also ech hun jo an der lescht schons e puermol hei geschriwen, dass d'Qualitéit vun den Photoen déi eropgelueden ginn an mengen Aen en deitlechen "nivellement vers le bas" am vergleich vun "fréier" ass.
Ech gin dir Recht, dass et e bessen traureg ass, dass bei engem Concours nemmen 3 Photoen eropgelueden gin, mais et ass nun emol leider esou, dass et bei Photogen "stagnéiert".
Ech machen hei guer kengem en Reproche (och net denen Leit aus dem Comitéclosed_eye well jiddfereen (och ech) kann sech jo bei der eegener Nues huelen, wann en keng Photoen hei post.
Ganz éierlech, wann ech hätt missen iwert d'Reihenfolg fun den Gewennerphotoen entscheeden, ech hätt och meng Problemer gehaat...
Ech fannen et awer gutt dass Du desen Post gemach hues, well am Allgemengen gett hei op deem Site net méi vill diskutéiert, an daat ass schued...
Paul-H 26.05.2018 - 18:32
Villmols Merci fir däin Kommentar gunman. Waat mech am meeschten hei stéiert ass dass der do zwee sech anscheinend just fir desen Concours op deser Säit ugemellt hun an soss kennt näischt. Deen wou déi éischt Plaatz kruut war iwregens nach emmer net säit dem 6ten Mee ageloggt, d'Fotografie am Allgemengen an d'Resultat vun desem Concours schengt déi Persoun absolut net ze interesséieren.
Ech maachen och dem Comité net direkt en reproche, zumindest hun se mol rem e Concours organiséiert deen awer leider nemmen minimalen Zousproch haat wann een bedenkt dass ech deen eenzegen vun deenen e bessen méi "laangjähregen" war deen matgemaach huet. Daat enttäuscht och secher e Comité.
Irgendwéi mussen se ufänken sech z.B. an de Medien rem méi bekannt ze maachen, et wir vleit d'Méi wärt.
gunman 26.05.2018 - 21:43
Jo, daat kann ech ennerschreiwen.
PS: Ech fannen et och komesch, dass den 26 Mee nach emmer Schéin Chreschtdaag umsite stett, daat léisst och déif blecken....
Paul-H 26.05.2018 - 22:41
An daat war souguer fir 2016, net 2017.
An den post vun der Assemblée Générale ass och vum virechten Joer, vun der leschter hun ech nach näischt gelies.
Daat seet leider Villes, do hues de vollkommen Recht.
Jaycee 05.06.2018 - 11:45
Moien Paul-H, ech kann deng Verdachtmomenter betreffend eventuellt Gemauschels durchaus novollzéihen. Ët ass wéi an der Politik; wann aus engem Bekannten- oder Familljekrés éen an d'Politik geht, da kann hiën mat zimlecher Secherheet op Stëmmen aus dësem Krés ziëlen, och wann déijeneg normalerweis dës Politik nët géifen ënnerstëtzen...

Dovun oofgesin, muss ech allerdengs soen, dass hei Kreativitéit gefroot war, an do mangelt ët e bëssen bei denger Foto, och wanns de dech beméit hues keng stéierend "Objekter" an d'Bild ze kréien, waat é bei denen zou aaneren Fotoen durchaus kritiséiere kann.

Vläicht häss de mat enger prise de vue an dësem Stil besser oofgeschnidden closed_eye
Jambes en l'Air II
Paul-H 06.06.2018 - 10:56
Merci fir Däin Kommentar Jaycee. Den Verglach mat der Politik ass tatsächlech net schlecht.
Gudd, menger Foto feelt et secher un Kreativitéit, ech haat mech wirklech just op d'Autoen konzentréiert.
Fir mech ass d'Thema souzesoen "giess", ausser:
1. Dass ech et extem enttäuschend fannen dass nemmen 3 Fotoen ran geschèckt goufen. Sou ennert dem Moto: Lo mecht de Comité mol rem eppes "und keiner kam hin".
2. Vun deenen 3 ech just deen eenzegen méi laangjähregen Member war. Wou waren all déi aaner?
3. Deem éischtplazéierten d'Fotografie offensichtlech zimlech egal ass, well hatt/hien nach emmer säit dem 6ten Mee net ageloggt war an deemno nach emmer näischt vu sengem Resulltat wees.
4. Den éischten an den zweeten weider nach guer keng aaaner Foto hei gewisen hun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 391 Gäscht online