Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cascade

 
All Fotoen an dëser Serie:
46289 Thumbnail
46290 Thumbnail
Cascade
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.05.2018
  • Gekuckt:
    62502
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    xT2
  • Objektiv:
    18-55mm
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89241]
Kommentar vum Fotograf:
Cascade du Hohwald am Elsass. War Zoufall dass Mier do gelant sinn. Keen Stativ, ND Filter :-( Just e wackelegt Gëllener, Pol Filter Blend 22 an eng 1/3 sec huet Bild dann villäicht nach passabel gemaach. Ech hunn hei Leit bei esou Fotoen, gelueft an och kritiséiert. Op schonn ech nach ni eng Geléigenheet hat et selwer ze Probéieren. E Waasserfall op de Sensor ze kréien. Kritiken waren villäicht net berechtegt? Gesinn awer dass duerch meng kleng Kriticken Fotoen nach besser an méi Acceptéiert waren. Dat soll awer lo net iwwerhieflech eriwwer kommen. Kritiken
schreiwen ass un sech schonn schwéier, sech mat enger geschriwwener Kritik auserneen ze setzen ëm sou méi. Net bei mir, ech géing mech op all Kritik bei dëser Foto. Och op di SW Versioun. Sécher freeën.
Eric_1989 12.05.2018 - 11:09
Hallo,fannen dei farweg besser an se ass ganz schein smile
Conley 13.05.2018 - 16:46
Gesinn ech och esou Eric, de SW ass bei dëser Foto net wierklech gutt. Merci fir deng éierlech Meenung!
An et freet mech dass di Faarflech gefält!
Jean-Jos 12.05.2018 - 12:34
Mat de Moyen'en wou's de has, ass d'Foto op alle Fall gelongen.
Ech denken awer, datt, wanns de e Stativ, en ND an e liichten Tété dobäi gehat häss, häss de éischter e 'pars pro toto' gemacht , oder vläicht eng Serie mat Fotoen just vum iewëschten Deel a just vum ënneschten Deel a vläicht emol als Ganzt. Du häss dann och vläicht aner Standpunktméiglechkeeten gehat. Awer, "hätte, wäre, wenn . . ." ass müsseg, dofir ass se wéi virdrun gesoot ganz an der Reih mat de Moyen'en wou's de has. SW ass hei keng Plus-Value, mengen ech.
Conley 13.05.2018 - 17:01
Merci fir deng detailléiert Meenung Jean-Jos! Standpunktméiglechkeeten mam Stativ waren genuch do. An och weider keng Leit di gestéiert hätten. De 55-200 war leider am Hotel. Ouni Stativ wier dat an dësem Fall net ze gebrauchen. Bewosst eleng op där Platz hätt ech och nach mam tilt-shift bestëmmt iwwer Stonnen experimentéiert. De Sujet war schonn Drowäit sech méi do mat ze beschäftegen. Zu zwee huelen ech meeschtens nëmmen e minim mat. Di besser Halschent soll jo net ze laang waarden. De SW. do sinn ech och denger Meenung! Kleng Detailer mam Télé Fotograféiert, hätten sécher mat enger SW bea eng besser Presenz!
marker 14.05.2018 - 12:07
De Jean-Jos huet et op de Punkt getraff mat sengen Explikatiounen. SW ass hei als Gesamtbild effektiv keng wirkeleg Beräicherung, an d'Faarwversioun gefällt mir och besser. D'Propose vum J.J. déi béid Cascaden als eenzel Foto opzehuelen hätt och super gepasst wann's de mat Stativ an enger méi laanger Brennwäit häss kéinte schaffen. Fir mäi Goût ass den ënneschten Deel vun der Cascade méi ausgefëllt, a vu dat ech do Potential dra gesinnn fir och als SW Variant ze probéieren war dat fir mech eng Iwwerleeung wärt, an hu mir erlabt emol dës Partie vun dengem Bild no mengem perséinleche Goût ze verschaffen.
Conley 15.05.2018 - 19:08
Mir huet di SW och net wierklech gefall ! Sinn awer frou dass ech se trotzdeem gewisen hunn! Et sinn do zwou ganz gutt Konstruktiv Kritiken geschriwwen ginn! Déi mech Fotografesch, Inspiréieren et nächste kéier besser ze maachen. An do kann ech dir marker an dem Jean-Jos een decken Merci soen. An deng Méi dass de dech mat der Foto beschäftegt hues, freet mech besonnesch. Deng perséinlech bea gefält mir vill besser.
De Cadrage miniméiert Foto op dat wesentlecht, de Waasserfall stécht besser eraus. An och mat der Rumm ganz gutt gelongen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 219 Gäscht online