En flotten Nuetshimmel an eng Guitar ass alles waad een brauch fir ze entspaannen.
Hei war relativ vill Liichtverschmotzung, waad deem ganzen en surrealen Faarwtoun gett.
Fannen et ganz gudd gelongen.
Wéini a wou hues de dës Foto gemach?
Sin bëssi iwwerrascht dats de mat "just" 25s Beliichtungszait an Iso 1250 sou en daitlecht Resultat krus. Ech hun dat mat mat 30s an iso1600 nach net esou hi krut
Merci Schneve! Dess Foto gouf d'läscht Joer Enn Abrell an Australien opgeholl. Em dess Zait steet den Galakteschen Zentrum vun da Melleschstroos relativ Héisch, sou dass d'Luuchten um Horizont netméi an d'Gewiicht faalen. An do ass et och soss zimlech Donkel, puer Sekonnen ginn do masseg duer
Wou hues du daat dann probéiert? An eiser Géigend ass et wichteg dass et richtung Süden Daischter ass..an daat am beschten wann d'Melleschstroos relativ héisch steet, mat Stellarium kann een daat gudd nokucken
Ech hun et puer mol a Portugal probéiert. Leider as do eng iwwerdriwwen Liichtverschmotzung dat do eng gudd Opnahm praktësch nët dran as. Ech wëll elo am Summer rëm dohin an en Naturpark. Do si praktesch keng Luuten mee leider as dann och nët den idealen Moment fir Richtung Scorpius a Sagitarius ze fotograféiren Will try again