Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Foto vun der Woch

Foto vun der Woch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.04.2018
  • Gekuckt:
    1388
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1216x879
  • Späicherplaz:
    240 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89156]
Kommentar vum Fotograf:
Eloo hun ech et gepackt, di nei Wochefoto !
gunman 01.04.2018 - 21:46
Ech mengen et dauert net méi laang, an dann schwätzt keen méi vun Photogen.lu, an d'Ursaach ass fir mech déi, dass jiddfereen hei eroplueden kann waat en well, ouni Selectioun vun engem kompetenten Gremium.
Daat woren nach Zeiten, wou engem seng Photo no strengen Critèren analyséiert ginn ass, éit se gewisen konnt gin. Et ass wéi aktuell am Enseignement: nemmen keen Examen méi, an jiddfereen kritt d'Première nogeheit (ech hun keng Première).D'Resultat gesinn mir all Daag iwerall:Nivellement vers le bas !
@pixelman: et ass net fir dech gemengt, ech hun den Witz verstaan...
Paul-H 02.04.2018 - 17:52
Hmmm gunman: "Première nogeheit?"
Also ech hun eent waat 2015 seng Première gemaach huet, daat war nawell keen zockerlecken....
Mee gudd, denken daat gehéiert net heihinner op photogen denken ech mol.
Wéi d'Fotoen nach analyséiert goufen éier se hei publizéiert gin sin haat seng Vir- awer och seng Nodeeler. Do haat ech zwar heiansdo och sou meng Bedenken waat deemols sou akzeptéiert gouf.
OK-Photography 04.04.2018 - 16:37
Flott dass nach een sech un déi "gutt al Zäiten" erënnert. Do hunn sech Leit VILL Aarbecht vir een Projet gemaach, den zu där Zäit och scho "net gewierdegt" gouff - doropshin gouf vill ëmgebaut, an den Site sou wéi och seng Betreiber sinn mat der Zäit gaangen, hunn sech moderniséiert.

Mir hunn ëmmer méi vun der Aarbecht un déi Leit ofginn fir déi et am End-effekt ass, den USER ass Chef um Site, an net een "onbekannten" Jury hannendrun. closed_eye
Wann dann derbäi raus kent dass mol keen sech méi d'Méih mëscht eng Foto an d'Wochenoofstemmung ze wielen, naja, ass scho bëssi schued.

Trotzdeem, dat kënnt mol vir (wann och zimlech seelen), an et ass wuel kengem eppes geschitt.


Gutt dass mer eng Freidenowend eis Generalversammlung halen, do ass all Input wëllkomm!!

An: wéi sécherlech puer Leit gemierkt hunn war den Site puermol offline. Dat läit un engem Hardwareproblem um Server, den gëtt aktuell geflickt an den Site selwer wäert wuel bei een aneren Provider moven, dëst och am Laf vun den nächsten Deeg. Et geet also weider mat eiser Geschicht vun Photogen.lu ....

mbG
Oli
Paul-H 04.04.2018 - 18:21
Daat meescht waat's de schreiws ennerschreiwen ech mat zwou Hänn Oli.
Waat ech awer och net gudd fannen ass dass et Leit gett déi hir Foto net an d'Wochenoofstemmung erlaaben, ech fannen déi Funktioun gehéiert oofgeschaaft. Secherlech hun déi hir Grënn mee irgendwéi richt daat emmer duerno "sech net mat aaneren moossen" ze wëllen. Obwuel graad déi et net néideg hätten.
Ech kann e Freideg leider net dobäi sin, ech gin daat dann heimadder mat op de Wee.
Waat den Site betrefft: Ech hun jo selwer een an wees genau wievill Arbecht derhanner stecht an dass emmer mol bugs optrieden. Hei wir et awer menger Meenung ubruecht gewiescht allen Memberen e klengen mail ze schècken, schliesslech war se jo zimlech laang offline, oder waat mengs Du ?
Ech wënschen eis awer alleguer dass daat mam neien provider dann klappt, well: Wann d'Säit geet ass se super schnell-, et ass ze hoffen dass daat dann sou bleiwt. Obwuel, d'Vitesse huet meeschtens mam programéieren ze din-, deem wou se deemols opgebaut huet kann een nemen gratuléieren.
OK-Photography 04.04.2018 - 19:17
Stemmt, déi Funktioun bremst bei net vill Input den System nach méi aus...
Ma gudd, et geschitt jo och nemmen ganz rare dass wierklech KENG Foto do ass fir oofzestemmen,
an amfong kenen mer jo lo d0Ouschterwakanz notzen vir Neies ze knipsen an ze weisen, sou dass ech mer secher sinn dass den nächsten Voting normal oofleeft. closed_eye

Stemmt, den Johny huet do ganuz gudden Dingscht geleescht an mir laafen nach emmer zimlech gudd mat dem (aalen) Ursprungscript!

Et wärt eng detailleiert NEWS publizeiert ginn soubaal mer d'Clubassemblé gehaalen hunn an alleguerten d'Infoen zesummen hunn. Ma kloer wärten mer d'Leit um Laafenden haalen!
Johny 06.04.2018 - 17:49
Merci fir d'Kompliment - ech sinn ëmmer rëm iwwerrascht wéi propper a stabil alles nach leeft obwuel et scho sou al ass tongue

D'Problemer lo koumen, wéi och dacks doheem, duerch en Hard-Disk dee futti gaang ass. Ech këmmere mech ëmmer nach ëm den techneschen Deel vum Site, an dofir kucken ech lo demnächst de Site ze plënneren op eng méi nei Infrastruktur déi méi ausfallsécher ass, an un der Vitess wärt dat guer näischt änneren.

nach eppes klenges: D'Méiglechkeet seng Foto net mat an d'Wochenofstëmmung z'erlaben ass op Nofro vun e puer User implementéiert ginn, déi einfach Fotoe wollte ropluede fir Feedback ze kréien mee net mat un enger Art Concours wollten Deel huelen - an dofir hate mer och Verständnis. Hunn ech och haut nach, just dass den Deel mam Feedback kréie bei de Fotoen net méi grad sou déck ass smile
Pit 05.04.2018 - 11:12
Ginn der 100% Recht, och mat der 1ère smile
Jean-Jos 06.04.2018 - 22:42
Haha, et kommen nees Reaktiounen!
Du hues eppes erreecht, René!
pixelman 07.04.2018 - 08:55
Gewéinlech Saachen rappen kée méi vum Stull hei Jean-Paul, allee hepp, de Wanterschloof ass eriwwer, et kann nemme besser ginn. Sin gespaant op d'Resutater vun der Generalversammlung !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Oh deer!

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: uniquemf
Am Ganzen: 3666
keen Benotzer an 157 Gäscht online