Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Cinderella

Cinderella
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.07.2017
  • Gekuckt:
    42853
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x1510
  • Späicherplaz:
    717 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D7100
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
2. Kategorie: Allgemeng »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88397]
Kommentar vum Fotograf:
En éichten klengen Test fir eis Models en vue vun engem Ennwerwaasser Fashion Shooting am Hiescht.

Et war fir eis Models eng Première an ech fannen sie hun sech ganz gudd derduerch gekämpft.

En groussen Merci un d'Virginie FONTIER fir séng Motivatioun an säin Asaatz.

Feedback as ganz wellkomm ;-)
pixelman 11.07.2017 - 20:32
War bestëmmt net einfach mat der Luucht, an mat der Looft smile smile, geseit ganz verdremmt aus. Mat engem passenden Hannergronn (Ennerwaaserlandschaft) get daat eng super Saach !

Mam Virginie bass de op der gewonnener Seit, hat ass en zimleche Pro, get alles fir perfekt eriwwer ze kommen, ech weess det vun de Schlass Shootings.
Nemo 13.07.2017 - 07:40
Hehe, nee dat war souwuel fir d'Virginie wéi och fir mech en klengen Challenge.

Luut ennerwaasser as prinzipiell emmer en Problem, an an der Schwemm owes nach vill méi well do net all zevill "natural light" zur Verfügung steet an konkret alles mat Blëtzer muss beliicht gin. Do gellt et den richtegen Mix ze fannen smile

Virginie huet daat tip top gemaach. Obwuel et daat nach nie an dear Form gemaach haat huet et sech ganz rapid un en friemt Element gewinnt an dono poséiert wéi wa näicht gewiecht wier. As scho ganz professionnel.

Next Kéier get daat am déiwen Waasser nach eng Kéier geübt (do mussen se vun engem Secherungstaucher mat Loft versuergt gin) an da kenne mer mengen ech zum eigentlechen Shooting kommen (mat Hannergronn,...asw) smile

P.S: Merci och fir den Fav closed_eye
gemu 12.07.2017 - 09:46
Den Ënnerwaassershooting brengt nei Perspektiven fir d'Damenmoud: schéine Volume an de Kleeder an brillant Nuancen an den Faarwtéin.
Gefällt mer richteg gutt Steve
Nemo 13.07.2017 - 07:42
Merci Georges, mir hun eis och richteg Méi gin. smile

Sou en Rack as natierlech ennerwaasser ganz fotogen, zumols op sou engem Model wéi d'Virginie. closed_eye

Huet och richteg Spaass gemaach mol eppes komplett aneres ze probéieren.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 390 Gäscht online