Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Sonn a Reen

Sonn a Reen
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.06.2017
  • Gekuckt:
    42002
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/2.2
  • Brennwäit:
    4.7 mm
  • ISO:
    127
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    1551x1034
  • Späicherplaz:
    245 KB
  • Originaldatum:
    2017:04:18 20:31:13
  • Fotoapparat:
    FC220
  • Programm:
    Unknown: 58655
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88286]
Kommentar vum Fotograf:
Dës hunn ech virun e puer Woche scho gemaach, wou eng Reeschauer no der anerer iwwer d'Land gezunn ass. Tëscht Klengbetten a Stengefort, Vue op d'Belge.
Eric_1989 12.06.2017 - 16:12
MEGA
Paul-H 14.06.2017 - 00:31
Bon, net schlecht mee sou lues gun mir déi Drohenfoten op den Nerv, sorry Johny.
pixelman 14.06.2017 - 07:38
Mir schon lang Paul !
Johny 14.06.2017 - 08:55
An ech hu gemengt et géif iergendeen eng Kéier schreiwen e wier genervt vun Nordliicht-Fotoen .. sou kann ee sech awer och ieren, eieiei.
Paul-H 14.06.2017 - 16:17
Nee Johny, all Deng Fotoen aus Norwwgen, an graad déi mam Nordliicht hun mir immens gudd gefall.
Johny 14.06.2017 - 16:33
Et war u sech e bëssen ironesch gemengt smile Ech akzeptéieren dat ganz gär wann een eng Zort Foto net interessant fënnt, ech hu selwer och vill esou Saachen, mee ech fannen et net immens derbäi ze schreiwen dass dat engem op den Nerv geet - dat ass jo just eng perséinlech Meenung déis de ausdrécks, an bréngt kengem eppes. Ech schreiwen och net bei all déi iwwerdriwwen HDR Fotoen derbäi wéi Schäiss ech se fannen, och wann et de Fall ass smile

Ausserdeem gëtt schonn net méi enorm vill eropgelueden, dofir géif ech niemols engem eppes soen dass e menger Meenung no soll domat ophalen, well dat schued schlussendlech der ganzer Community.
pixelman 15.06.2017 - 18:35
Et ass esou, Johny, dass d'Foto usech net oninteressant wär, au contraire, et besteet eben e gewëssenen Offnotzungseffekt wann oft Fotoen matt demselwechten Thema hannereneen gewisse ginn. Daat leit an der Naur vun der Saach.

Naja seng perséinlech Meenung hei erem ginn, och wann et eng negativ ass, ass och net dramatesch. Besser esou wéi mat zwéerlee Gewichter eppes kommentéieren.
Johny 15.06.2017 - 21:12
Ech sot jo och ech hätt vollst Verständnis dofir wann engem eppes net, oder net méi gefält. Woufir ech absolut kee Versteesemech hunn ass wann Leit hir Meenung schreiwen einfach just dir eppes ze schreiwen, ouni dass se an iergendengem Sënn iergendenger Persoun weiderhëlleft. Dat ass dann nämlech de Moment wou et besser wir einfach weiderzeklicken an seng Meenung fir sech ze halen. Well ech sot jo och net dass ee muss eppes positives schreiwen.

Leit wéi dir zerstéiert de Site mat esou Aktiounen ëmmer méi, mee sidd awer och déi déi meckeren dass net méi genuch leeft.
Paul-H 19.06.2017 - 00:36
Dass Leit wéi mir den site "zerstéieren" huelen ech lo perséinlech. Wann daat Deng Meenung ass dann huelen ech meng Lizenz hei wech an gin entzwousch aanescht. Deng Arroganz als ex Prési ass baal net ze iwerbidden, oder soen mer sou: Du verdréis keng Kritik.
Johny 19.06.2017 - 11:36
D.h. du gesäis "Déi Drohnefotoen gi mer op den Nerv" tatsächlech als Kritik? Eng déi mer iergendeppes hëllefe soll, an eppes anescht als Zil soll hu wéi schlussendlech manner Fotoen eropzelueden? Wanns de mer dat erkläre kanns, sinn ech gär Bereet alles zréck ze huelen.
Paul-H 19.06.2017 - 11:53
Et ass schon och eng Art Kritik, wann och net un der Qualitéit vun der Foto. Mee komm mir gin eis Johny, daat mam "op den Nerv" goen war secherlech och e bessen "too much" vu mir.
Et brengt jo näischt wann déi puer déi hei nach roplueden resp. kommentéieren sech och nach d'Kätonguep aschloen.

Ech gratuléiren nach eng Kéier an aller Form zur WF.
Johny 19.06.2017 - 12:18
Ok, da verbleiwe mer esou, a mer luede weider allen zwee erop wat eis gefält smile

Ech verstinn och elo wisous de et als Kritik gesäis - net un der Foto mee un der "Entwécklung vum Fotograf" wann een dat sou soen däerf. Mee do fannen ech dass keen aneren eppes ze soen huet, dat ass eppes wat jidderee fir sech entscheede muss.

Merci.
marischen 15.06.2017 - 14:20
@ Paul-H & pixelman
Wann lo jiddereen géng dauernd Drohnefotoen roplueden, da géif ech däi Kommentar vläicht verstoen. Mee et huet eben jiddereen säin Domaine deen em am bäschte gefällt an deen en am meeschte weise well. Dem pixelman seng Fotoe matt Plakerten, sou artistesch se vläicht och sinn, stéiere mech scho laang, mee ech géif soueppes awer nie schreiwen. closed_eye Bon, lo ass et awer geschitt, mee wat ech wollt soen: Wa jiddereen dat weist wat en am bäschte kann, entsteet automatesch eng gesond Vielfalt.
Paul-H 19.06.2017 - 00:30
Si ass jo lo d'Wochenfoto gin, gratuléieren. Ech fir mäin Deel versichen emmer e bessen Diversitéit an daat ze brengen mat deem waat ech hei roplueden.
Johny 14.06.2017 - 08:49
net schlëmm tongue
Nicon07 28.06.2017 - 23:46
Dierf ech, ganz bescheiden, als een aalen Hues, dee, leider, och net méi vill aktiv op PG ass, eppes Klenges zu dëser Dikussioun bäisetzen?

Ménger Meenung no ass et net sou de Fait, datt de PG-Frënd x virun allem sou Fotoe weist an de PG-Frënd y mat enger aanerer Technik schafft, déi hie begeeschtert, awer aaner Leit net sou usprécht, mais et ass éischter d'Tatsaach, datt mir 2017, no bal 200 Joer Fotografie, am Fong schon alles durch hun, an et näischt Neies méi ze weise gëtt, an et och keng nei fotografesch Technik a puncto Motiver, Bildopbau no kënnt. Suguer eng wäiss Fläch fotograféieren ass net méi originell. Dofir kann et nëmme Widerhuelungen oder variatioune gin. Ech liese grad ee Reklam-Bichelchen (Meisterwerke der Fotografie), wou 150 Biller dra sin, a wou ech lo mol grad ongeféier an der Mëtt ukomm sin am Joer 1911 (!!!), an do war scho quasi alles vertruede vu Portraiten, Nuën, Landschaften, Abstraktem, Streetfotografie, Fotopeinture, a Loftopnahmen (1912, The octopus vum Alvin Langdon Coburn), datt mir alleguerten haut eigentléch just nëmme Motiver weisen, méi oder manner gudd duergestallt. Nihil novi sub sole, wéi se zu Roum virun 2000 Joer soten. Deemno ass et verständléch, datt verschidde Fotografen hei irgendwann vun deem engen oder aaneren "disliked" gin, ouni, datt dat elo mol béis gemengt ass. Ee gewëssene Siedegungseffekt trëtt automatesch an, bei deem engen éischter, deem aaneren ebe mi spéid. Ech, fir mäin Deel, hu jo och irgendwann quasi nëmme méi Fotoe vu Vigel mat ménge Supertelë gemaach, hei ropgelueden. An haut, um 28.06.17 och nach. Villäicht, well ech déi Investitioun amortiséiere wëll, viläicht well ech méch breze wëll, datt ech och sou ee Rouer hun, oder awer vläicht och nëmmen einfach, well ech an der Telefotografie vun Déieren eng Spillwiss fonnt hun, déi mir zouseet. An deem Sënn verstin ech de Paul-H an de Pixelman, déi ës genuch hu mat Loftopnahme vun Drohnen, awer och den Johny, deen d'Méigléchkeete vun dëser Zort Photografie bis op d'Äusserst ausreize wëllt an di Fotoen hei weist. Kuckt! Wann ee Fotograf séch op eppes spezialiséiert, dann heescht et irgendwann: Deen dote mécht ëmmer dat selwécht, dee mécht keng Progrèsën. Sicht een aanere Fotograf séch awer all 6 Méint eng aaner Erausfuederung an experimentéiert mat eppes Neies, dann heescht et: wat wëllt deen doten eigentléch? Huet dee kee perséinléche Stil? A grad well dat esou ass, sin ech einfach dofir, datt mir alleguerte sollen eis Saach durchzéien an och Kritik erlabe sollen. Do kann et mol virkommen, datt online Saache geschriwe gin, déi "live und in Farbe" sou net gesot gi wieren, oder am zwëschmënschléche Kontext offline ganz aanescht verstane gi wieren. Ech sin nach eemol wi d'aanert Mol der Meenung, datt photogen ee gudde Site ass, deen ee wirkléchen Austausch tëscht méi oder manner fortgeschrattenen Hobbyfotografe mat professionnelle Kompetenzen ass, an datt et do alt mol zu méi heftege Meenungsverschiddenheete komme kann. Mais wann déi Meenungsverschiddenheete eis alleguerten no vir bréngen, tant mieux. An nach eng läscht Bemierkung fir elo: di digital Fotografie huet dee Medium an déi Konscht vulgariséiert (d.h. fir d'Vollek zougängléch gemaach), d'Méigléchkeete vun de performante Fotoverarbéchtungsprogrammer hun aus eis alleguerten Experte gemaach, wou fréier just e puer Leit an der Dunkelkammer d'Handwierk vun de gudden Tiragen an Entwécklunge beherrscht hun an d'Online-Fotoportaler hun et erméiglécht, datt jidreree ka séng Fotoen der ganzer Welt weisen: Konsequenz: gudd Fotografie ass eng Massewuer gin, an huet näischt rares méi u séch. HCB oder AA, si sin zwar nach Coryphäen, mais haut ka quasi jidereen se imitéieren, an dann...? An dat ass et, ménger Meenung no, wat et sou schlëmm mécht: Mir sin alleguerte ganz gudd Fotografen, mais mir si leider net méi d'Ausnahm. Un iech heiriwwer nozedenken a mir ze konteren!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 265 Gäscht online