Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Dram oder Realitéit?

Dram oder Realitéit?
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.03.2017
  • Gekuckt:
    39665
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    8/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1800
  • Späicherplaz:
    580 KB
  • Originaldatum:
    2017:02:04 20:48:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
De viischten Deel vun der Foto huet eng aner white balance wéi de Recht, vu dass soss d'Duerf ze vill erausgestach hätt, a virun allem d'Aurora ass zimlech kriddleg wann et drëm geet déi korrekt white balance eraus ze sichen.

Fir anzesetzen: [pg_img=87966]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Foto ass eng déi ech scho laang wollt maachen, dofir hunn ech mer fir een Owend d'Zil gesat op déi Plaz ze fueren an ze waarden (an hoffen) dass d'Nordliichter opdauchen. Wat se dann och gemaach hunn, an zwar och nach genee iwwert dem Bierg soudass et e perfekte Setup war fir eng Foto.
Eric_1989 27.03.2017 - 16:20
Einfach nemmen WOW smile
Maimonides 28.03.2017 - 21:48
D'Natur
huet dir also
e perfekte Setup
fir deng Foto
gemaach, Johny !

Ech fannen
dass des
1 exemplarischen
Cliché ass, Johny.
Keng schlecht Foto, trotzdem,
Johny 28.03.2017 - 21:57
Jo dat mam cliché war och hei esou gewollt smile merci, trotzdem
gtaddei1 02.04.2017 - 12:14
ennen ass et iwerbeliicht , den Himmel verleiert un pepp
Johny 03.04.2017 - 07:52
Mengs de mat iwwerbeliicht den techneschen Term (bezunn op d Luuchten am Duerf) oder einfach dass et der besssen ze hell ass par rapport zum Recht?
gtaddei1 08.04.2017 - 15:16
genau ... den Duerf ass zefill betount ... an den thema HIMMEL get dodure^chen benodeelescht
Conley 02.04.2017 - 23:46
E schéinen Moment festgehalen. Awer mat der BEA einfach Iwwerdriwwen!
Johny 03.04.2017 - 00:00
Sou staark verschafft ass se mol guer net, d haaptsaach dei ech geännert hunn ass dass de virgrond en anere wäissofgläich huet wéi de recht vum Bild. Wess also net wat iwwerdriwwe siloll sinn?
Conley 03.04.2017 - 00:17
Merci fir deng Info. An Gléckwonsch fir WR! Mee hues de, deen Moment weis de Foto gemaach hues och esou gesinn oder erlieft mat deenen Faarwen?
Johny 03.04.2017 - 07:50
Merci. Bei Nordliichter gesäit een nie mat den Aen dat wat de Fotoapparat afänkt, dat läit awer net um Verschaffe mee um laange Beliichten. Ass tselwecht weiwanns de an engem Donnerwieder geifs laang beliichten an 5 Bletzer op eng Foto drop kréien. Falsch ass et net, mee richteg esou gesinn ass och onméiglech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 362 Gäscht online