Mir gefält däi Lego-Bürosgebai ganz gutt. Flott Linnen a besonnesch flott Faarwen.
Déi erofgezunnen Storen bréngen e bëssen zousätzlech Spannung an d'Bild. Dee Poul ënnen hätt ech awer ewechgestempelt.
Meaculpa, ech hätt och kéinten eppes zur Foto soen, stemmt. Kann eigentlech nemmen daat ennerschreiwen waat den jorsch schon geschriwen huet.
Den Poul hätt ech wahrscheinlech och stoen geloos, irgendwéi passt en dran.
Fannen ech richteg cool! Faarflech super interessant well et net alles knallrout ass an eben natierlech duerch den Kontrast ob deen grénge Deel. Souguer den Poteau lénks ënnen passt grafesch an d'Kompositioun.