Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mont St Nicolas

 
Mont St Nicolas
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2017
  • Gekuckt:
    33512
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1290x865
  • Späicherplaz:
    301 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87655]
Kommentar vum Fotograf:
Et wor Niwwellëg déi lescht Deeg
Nicon07 02.01.2017 - 21:53
Am Niwwel ass d'Endléchkeet opgehuewen an alles gët onendléch. D'Welt gëtt an hirer Onendléchkeet awer op dat Wesentlécht reduzéiert an si ass doduerch ageengt. D'Zweedeitegkeet op d'Spëtzt gedriwwen, souzesoen.

An dann déi Tragik hei: no lénks de Rampeli rof, no rechts dat déift Waasser ouni Buedem (besonnesch um Niklosbierg kann et séier de Rouer rof op d'Turbinnen an an d'Our laafen) an de Wee an déi gro Britt ouni Substanz a Perspektiv. Ech weess nit, ob s du dat am Sënn has, wéi's du di Foto hei gemaach has, oder ob just ech dat an dénger Foto gesin, mais fir méch ass dat hei scho bal d'Sublimatioun vun der verzweiflung. Mais et bleift awer nach eng kleng Hoffnung. d'Liicht! Déng Foto ass hell, an et gesäit een de Wee, an et si Glänneren do, déi een an der Spur halen.
kokopelli 03.01.2017 - 09:19
Esou hun ech d'Foto net gesin an och net esou dobäi geduecht.

Wollt amfong just eng Foto machen, Fine Art, S/W ouni vill Photoshop, Out of Cam.

Interpretatioun as e steck fräiheet, Merci dass Du Dir Zäit geholl hues an och fir den Fav.
Nicon07 03.01.2017 - 17:19
Ouni vill PS an ootc, dat ass jo am Fong sou wéi et soll sin. Just eben di néideg "Entwéckelungen". Dat hues du gudd gemaach!Sou muss Foto! smile
kokopelli 04.01.2017 - 09:47
Jo, ëmfannen dat och esou, villmols Merci Nicon
jorsch 03.01.2017 - 20:38
E Wee deen an d'Ongewëssheet, an d'Näischt era féiert! Do kann ech schonns un d'Nodenke kommen. Sou ginn dem Nicon07 seng Iwwerleeungen dem Bild eng philosophesch Déift ,eng weider Dimensioun.
Dat ass flott an d'Bild gefält mir exzellent!
kokopelli 04.01.2017 - 09:51
Jo, also de Nicon huet do schon déif gegraff an dat Philosophesch ganz interssant duergestallt. Dir och Merci Jorsch
bac 04.01.2017 - 13:29
Passt gudd an d'Januarstemmung. Wonnerbar am s/w
kokopelli 05.01.2017 - 15:38
Merci bacsmile
marker 08.01.2017 - 20:10
..très bien..!!
kokopelli 09.01.2017 - 16:20
Merci Marker, dat freet mechsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 330 Gäscht online