Hmm... ech mengen hei hues de ze vill Déiftenschäerft dran, wat et schwéier mëscht eng kloer Linn am Bild ze fannen. Méi eng oppen Blend oder Accent duerch Liicht géifen den Opbau méi kloer maachen. Virun allem bei der éischter kéints de relativ einfach d'Blieder méi hell loossen an doduerch en Eyecatcher setzen.
Süntel-Bichen oder wei sr allgemeng och Kreppelbichen genannt gin sin emmer en interessanten Sujet fier eng Photo.
Ausserdeem sin si och eng Alternativ fier an engem Gaart oder Park mat anzeplangen. Et get an Europa direkt e puer Standorter wou een där fennt. Am Süntelgebirge an Deutschland fennt een der nach. Leider sin do d`Bestänn virun e puer honnert Joer extrem reduzeiert gin well d`Leit Angscht virun desen Hexenbeem haaten.
Den noosten Naturstandort vun eis aus gesin sin d`Fleringer Krausbuchen an der Eifel. Och an Dänemark an virun allem an Frankreich fennt een des Kreppelbichen. Do sin et "Faux de Verzy" (googelt emol dono) dei erausstiechen. Daat ass en Besch an der Geigend vun Reims wou iwwert 1000 deser Bichen stin. Ausserdeem och eng Trauben-Eiche mat deem Merkmal.
Ech kann jiddferengem deen Naturfotoen gär huet eemol dohin ze fueren (3 Stonnen) am beschten am Hierscht dann kann een nach fleisseg Buchecker sammelen fier auszeseien well wann een Chance huet kritt den Sämling och daat Merkmal.