Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Conca dei Marini

All Fotoen an dëser Serie:
45311 Thumbnail
45312 Thumbnail
45313 Thumbnail
Conca dei Marini
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.09.2016
  • Gekuckt:
    22315
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    0
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87093]
Kommentar vum Fotograf:
Di Fotoen hei hun net grad ästhetesche Wert, mais ech weisen se einfach, well ech do an deem Hiwwel, zimmléch enee do, wou di Höl ënnerierdesch ufänkt driwwer eis Vakanzewunnéng war, an ech dat réischt gesin hu, wéi mir mam Schëff vun Amalfi op Positano gefuer sin. Irgendwou an halwer Héicht gesäit ee blogring Sträifen. Dat sin Netzer iwwert den Zitrounestraich, an do lénks dovunner gesäit een eng zilleroud Gebai, wat nach am Bau ass. Dodriwwer ass ee wäisst Gebai, vun deem ee keng Fënstere gesäit, do hu mir gewunnt. Fir dobäi ze kommen huet ee missen 200 Trepplécke goen. Den Auto hu mir missen laanscht d'Strooss stpoe loossen, direkt iwwert der Höl, wou Gestraich ass... Wa mir dann do géint der Owend vun der Plage ± 500 Träpplécken rop fir heem gaange sin, da wosste mir, datt mir Muskelen an de Been hun... Do hat ech all Dag mäi Sport! ;-)
Rechts, dat grousst beige Gebai um Fiels war mol ee Monasterio, mais haut ass do ee Luxushotel dran. Genee wéi just ënnert der Hél, dat ass ass och een deieren Hotel. Di Plage fir de Commun des mortels ass lénks op der Foto, hannert de Fielse verstoppt, wou dat gielt Gebai ass. (op der 2. Foto gesäit een dat.) Conca huet fir méch zwar kee Charme, et ass keen zesummenhängend Duerf, mais d'Leit do sin immens léif a frëndléch, a virun allem ass et do roueg! Keen Trubbel wi zu Amalfi oder zu Positano, déi ganz touristesch sin. Vu Cona aus ass een awer mam Bus a 15 Minutten zu Amalfir vu wou aus ee mat aanere BUsser oder Fähren iwwerall hikënnt: Amalfi, Salerno, Capri, Napoli, Sorrento, Ravello, Sardegna a Sicilia asw...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 324 Gäscht online