Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Op Lenks oder Riets...

 
Op Lenks oder Riets...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.09.2016
  • Gekuckt:
    21762
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x684
  • Späicherplaz:
    761 KB
  • Originaldatum:
    07/2015
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK3
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86995]
Kommentar vum Fotograf:
... wann weder Lenks nach Riets an de Zentrum tescht dei 2 Säiten...
Nicon07 10.09.2016 - 22:24
The shining.
Jacob's Ladder
Stairway to Hell oder Highway to Heaven
Lénks oder riets spillt hei keng Roll, et kënnt ee souwisou net fort, vun do wou ee kuckt, außer et fällt een an dann? Wuer et hiféiert, do strahlt et hell, mais ass dat d'éiwecht Liicht vun Passage iwwert de Styx oder d'éiweg Glouss am Paradies? Fir dài Äntwert get et keng Froen. Just komme loossen.
gtaddei1 10.09.2016 - 22:29
Den Auswé ass net Physesch (alzäiten net ewei mir et mengen dh Aristotelesch, Newtonianesch) unhappy ...
Wien Fort well ? wouhin? de Paradis? ... Soot den net ? "... et le paradis viendra sur Terre..." ... kommen lossen ? hmmm ... Ech mengen net mir mussen ais zum Paradies weiter-entweckelen ... esou ewei ais Neuroscience'en beibrengen smile
Nicon07 10.09.2016 - 22:41
Ech war gëschter an engem Colloque mam Titel: Literatur und Gesundheit. Mat engem Virtrag, deen do housch: Der Mensch im Mittelpunkt: Literatur und Medizin. Dee war ganz inspiréierend, an do hun ech ganz interessant Saache geléiert, wéi Liesen a Schreiwen Patienten hëllefe kann, wéi Mediziner am Schreiwen een aaneren Aspekt an hirem Liewen developpéieren, a wéi grouss a berühmt Schrëftsteller eigentléch am éischte Liewen Medizinner waren. Do war och de Professor Florian Steger vun der Uni Ulm do, deem säi Bäitrag mir extra gudd gefall huet, well hien ebe just och séng Iddien a Verbindung mat Neurowëssenschafte bruecht huet. An déng Foto hei ass quasi elo hei fir méch wéi ee Complément imagé zu deem Geschwaatene vu gëschter. Dofir kanns du zwar elo net bewosst, mais et deet awer gudd, wann esou Corresponances (am Sënn vum Baudelaire) hei iwwert méch erafaalen.
gtaddei1 10.09.2016 - 22:53
Waat ass Gesondheet ? Physesch... ? Ben en absence vun Krankheet... mé! Weivill sin mir Potenzial Krank? ... mir kéinten erkranken... wéini? ma wann den Environnement ais Genetik beanträchtet an esou transformeiert am Sënn vum Erkranken ... an do helleffen mir oft mat (facteurs personnelles non génétiques) an deem mir net richtesch mat aisem Kierper emginn... mé dann kennt och daat net rischtescht Denken dobai... Den psy Gleichgewiit geet verluer an intern Spannungen brengen ais zum schlecht Liewen (tout compris) ... Doktoren waaren freier och ekzellent Humanisten (an Italien hun se nees am 1schten Joer Medizin Literatur angefouert) ... fir dass den Dr , jo reaktiv muss sin, mé awer och eppes vun der Sproch vun de Gefiller verstoen muss (ausser dem Techneschen Fächer ewei psycho an psychiatrie) ...
Litteratur : Liesen an Schreiwen ass eng Art Meditatioun... an daat deet eben Gudd... Et entweckelt en Spirtuellen IQ ... an net nemmen den Analytischen...
gtaddei1 10.09.2016 - 22:53
... Liesen an Fillen (méi ewei Denken dans le sens Logique) erwietert de Bewosstsin... an daat dann och nees keint Stress brengen ...
Nicon07 10.09.2016 - 23:04
Oh, wéi Recht s du hues! Ech als Sproochemaates ënnerschreiwen dat mat ménger wertvollster Fieder...
gtaddei1 11.09.2016 - 22:55
smile
Zora 10.09.2016 - 22:51
Chateau d'Ah, an Glänner ass elo futsch unhappy
gtaddei1 10.09.2016 - 22:57
futtiiiiii... alles futtiiiiiii ... eng Flott Platz! JO
Zora 11.09.2016 - 00:10
Nee d'ass tatsächlech futti gemeet gin, leider, eng Platz déi ech entdeckt hat unhappy
gtaddei1 11.09.2016 - 22:55
Schued.. de Firwaat .. ass net fobar
Pit 11.09.2016 - 11:16
Ob lenks oder riets, et ass egal, muss iwerall gebotzt ginn smile
Cool Foto, gefällt mir.
gtaddei1 11.09.2016 - 22:54
gebotzt...? né um Gottes Wellen ... dann waer et bei mir doheem
Gophoto 11.09.2016 - 21:02
Cool and mysterious photo.
gtaddei1 11.09.2016 - 22:53
Do you think it is mysterious.. I like to use metaphors with respect to the images that I produce... mysterious is not quite a metaphor but just an adjective
But I am always grateful to all who honorise me with a comment
m-otiv 11.09.2016 - 21:30
Ganz flott Gennaro...gudd gesin
gtaddei1 11.09.2016 - 22:51
woor awer elo net schwier Vito
jorsch 13.09.2016 - 10:09
Ganz flott Vue esou vun uewen erof.
Déi "glauque" Faarwe gefale mir hei besonnesch gutt.
gtaddei1 13.09.2016 - 15:02
et wor och alt e bessi glauque.. anm ech soen dir awer merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online