Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La mort ou le baiser

 
La mort ou le baiser
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2016
  • Gekuckt:
    21845
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    57
  • Beliichtungszäit:
    240 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x1024
  • Späicherplaz:
    360 KB
  • Originaldatum:
    07/2015
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK3
  • Programm:
    B
  • Objektiv:
    16-35mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86962]
Kommentar vum Fotograf:
Die größte Herausforderung für den Menschen ist es, seiner eigenen Sterblichkeit ins Auge zu blicken. Die Angst vor dem Tod unterscheidet den Menschen vom Tier: Jede Religion, jede Kulturleistung ist ein Versuch, sich das Undenkbare begreiflich zu machen... :)

I - Yalom...
Sutebe 07.09.2016 - 08:41
Gefaelt me erem richteg gut .. Zitt een sou schein eran .. en schein awer dûsger atmosphere an et reescht sou wei och den Text zum denken un smile


An Deier greist digital ass se super .. fier en Drock giff ech dei weis punkten awer ewesch stemplen am wasser an dem hellen wei och am deischteren deel .. an fleit nach dei 4 am Himmel
gtaddei1 07.09.2016 - 08:51
Merci fir den kreativen komment...
dei flecken sin bedengt durch dynamik problemer vum apparat an vun der hetzt ... op mat papaier gesait een daat ganz weinech.
Sutebe 07.09.2016 - 12:19
Ja haat se och an verschiden obnahmen drann. Ob mat duersch d'strucktur kann ech me fierstellen dass se manner sichtbaar sin mee haat lo mei un glanz oder perl pabeier geduecht an do hun ech et schons erlierft dass ech nom drock bei de photo stung an geduerscht hun, ok, an fresch drecken no de retousch
gtaddei1 07.09.2016 - 12:32
en effet ... do hueste recht
Focus 07.09.2016 - 09:18
Piece of art! Wonnerbar
gtaddei1 07.09.2016 - 11:51
Net iwerdreiwen... Very small piece of eppes smile
jorsch 07.09.2016 - 09:47
Reflektéiert Rou.
Déifsënneg Iwwerfläch.
Positiv Traurechkeet
Romantesch Melancholie.

Gefält mir ganz gutt!
gtaddei1 07.09.2016 - 11:51
Deng Definitiounen soen genau waat an der Spiritualiteit Kreativ Denken ass ...
De POsitive existeiert am Negativen an emgedreint .. esou verschwennt de positiven an den negativen an enger NON dualer realiteit wou keng spannung existeiert ... an vun do uns ass denken kreativ an net mei bestemmt vun engem Etat d'âme... An der Transpersonaler Psychologie get desen Zoustand och beschriwen an oft ass et och den Train vun der Kreativiteit an der moderner Konscht...
Pardon fir dei vill Wieder
jorsch 08.09.2016 - 08:40
Merci fir déi vill Wieder!
E flotte Cadrage fir meng Assoziatiounen!
gtaddei1 09.09.2016 - 01:06
smile
m-otiv 07.09.2016 - 13:44
Ganz schein Gennaro
gtaddei1 09.09.2016 - 01:06
Merci villmols
Zora 09.09.2016 - 16:45
do géing ech mech obhänken, du verstees, magesch deng Foto !
gtaddei1 09.09.2016 - 20:29
Nee!!! Neee pierette!!! Ech machen nie mei esou eng foto
Zora 09.09.2016 - 21:33
ma dach, ech kucken se dann net closed_eye
gtaddei1 10.09.2016 - 13:43
ok ... se get fir dech gespacht
Zora 10.09.2016 - 19:41
closed_eye
JADE 11.09.2016 - 22:01
le baiser de la mort
la mort du baiser
baiser à mort (oups! surprised)

le décolleté montagneux
la montagne en décolleté

Ray Ban sur lac montagneux

le sablier
le sablier de la mort

le lacquier ... = le sablier du lac
Ech wielen déi heiten Versioun bigsmile
gtaddei1 11.09.2016 - 22:48
Jade... du bass eifach eng Genie ... Ech fügen nix aneschters dobai ...
Mé et waar ... la mort OU le baiser ... daat eent ODER daat anert
JADE 12.09.2016 - 01:06
ok, dann le baiser (avant la mort tongue )

Genie ... comment vous y allez, mon cher ... surprised
gtaddei1 12.09.2016 - 10:21
La mort et le baiser et celui ci avant le premier...smile
JADE 12.09.2016 - 12:45
vouaaaala smile
Nicon07 12.09.2016 - 16:26
Lo fänkt HATT och schon un... Ech duecht, ECH hätt de Monopol op sou esoteresch Elucubratiounen... Tjo, sou faalen d'Kolleginnen engem an de Réck, buuuhuhuhuhuuuuu. closed_eye

gtaddei1 12.09.2016 - 17:05
D'JAde ass Jade... an och als Emeraude waert et preziös... No Angscht... Sie get dir doudsecher net ontrei ... smile
Nicon07 12.09.2016 - 18:21
Do hues du recht. Et ass eng ganz gudd Séil! Ouni hatt wär d'Welt nëmmen hallef sou räich. closed_eye
JADE 12.09.2016 - 21:02
oh merry ... ech rutschen hei aus ... vun lauter Geschmiers !! bigsmile
gtaddei1 12.09.2016 - 21:44
Ma nö ... wei wellste dass ech meng Managerin traiteiren ?
Nicon07 12.09.2016 - 22:41
An ech muss nach ee gudden Androck hannerloosse, well dëst Schouljoer gesi mir eis nach manner, wéi soss.... unhappy
gtaddei1 12.09.2016 - 22:49
wei dann?
JADE 13.09.2016 - 03:00
wéi dann?
Nicon07 13.09.2016 - 13:50
Wéi dann? tongue smilebigsmile
gtaddei1 13.09.2016 - 15:01
Majo!
Nicon07 12.09.2016 - 16:36
Il triangulo magico, mais am Negatif. Komesch datt de verwässerte Liichtwee, deen op d'Ziil histeiert, sou ouni Matière an transparent wi ee Voile hei schingt, an di obskur Bord'ën sou opaque. Et muss een also a Richtung spatze Liichttunnel schwiewen, eng anima sin, soss fällt een raus aus dem Kader. Awer wat villverspriechend ass: Huet een di schmuel Entrée mol hannert séch, dann ass do immens vill Liicht, just, dat Liicht ass ee kaale Reflex op dem Schnéi, a kee weess genee, wou dann elo dat richtegt Liicht hierkënnt. Di Foto huet eppes Platonesches. Just datt et hei keng Caverne ass an ee keng Schied un der Mauer gesäit, mais et ass ee wäit oppenen Extérieur an d'Illusioun ass Liicht. A vu datt mir am digitalen Zäitalter ukomm sin (am Digitalozän, souzesoen) ass et net verbueden, déi Schnéifelder, déi mat dem plaakeche Fiels alternéieren als eng Zort QR-Code ze liesen, wou de Message dropsteet, deen ee brauch, fir de Mystère vun dëser Landschaft an dëser Foto ze entschlësselen.
gtaddei1 12.09.2016 - 17:13
D'Interpretatioun op daerer Art an Weis ass erwart gewiecht ... dass et Poetesch keint sin (dest Bild) ass mir och irgendwei bewosst gewiecht (ouni un Bescheidenheet ze verleieren) ... mé elo Wieder dei des "tongueoésie" ausdrecken an beschreiwen (métaphoreiren... unhappy ) sin DIR angefall an do mest du desem Bild eng enorm Honneur ! an sengem "Fos-Moler" oder "Lux-Moler" nach mei eng ... well d'Digitalt Entweckelung legitimiseiert get durch des Literarescht Emschreiwung.
Nicon07 12.09.2016 - 18:24
Merci fir déng Wieder. Mais ech sin och bescheiden, ech soe just, wat déng Fotoe mir sou aflüsteren. smile
JADE 12.09.2016 - 21:03
je comprends QUE DALLE !! ... mee et liest sech gutt bigsmile
gtaddei1 12.09.2016 - 21:43
Jade... et ass wichtesch dass et sech gudd liest... mé waat vestehste dann do net?
Nicon07 12.09.2016 - 22:42
Verschidde Saache versteet een net op der Uewerfläch, mais nëmmen am Verbuergenen. Dat sin déi richteg Versteestemécher! Wann een dat sou soe kann. D'Lëtzebuergesch ass awer keng Sprooch fir alles ze soen.
gtaddei1 12.09.2016 - 22:49
awer baal ... geif ech soen ...
JADE 13.09.2016 - 03:02
nee, daat sin e puer Niveau'en ze héich fir mech ...
ech sin zimmlech "unicellulaire" gin, "do uewen" surprised tongue
gtaddei1 13.09.2016 - 15:01
ben daat sees elo engem aneren ... an wann ass daat eng Ekzellent cuvée deen Unizeller do...
JADE 13.09.2016 - 19:19
pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... (daat ass den pfffff du désespoir )
gtaddei1 14.09.2016 - 01:08
Jo né! Firwaat muss ech dir elo recht gin! So du mir daat!
JADE 15.09.2016 - 00:59
1:0 ... fir dech bigsmile
gtaddei1 18.09.2016 - 00:10
de Beweis dass deen unicellulaire sech stark spiert!
JADE 18.09.2016 - 00:40
pfffffffffffffffffffffffffffffffffff ... tttttttt ....
gtaddei1 18.09.2016 - 15:01
du bass net kleng ze kreien! ... lauschter mool eng Keier no ...
" en gudden unizeller ass nettement mieux ewei en grousse Bouquet vun sträng dei net mei (oder nach nie) richtesch ticken
JADE 18.09.2016 - 16:36
bon Okay ... échec et mat ... (et maths) ... (et malt) ... bigsmile
gtaddei1 18.09.2016 - 18:01
... d2-e4 ... ouverture italienne ... plus malt que math
JADE 18.09.2016 - 20:46
mir gin geschwenn gespaart ... all déi Leit déi wéinst onser, Noorichten kréien bigsmile bigsmile ...
mir mengen och mir wieren op FB, oder wéi? tongue
gtaddei1 19.09.2016 - 17:45
wees net waat FB ass... an mir gesin daat jo nemmen ... ech du an den Nikon
JADE 20.09.2016 - 19:02
an all déi aaner déi "iwerwachen" geklickt hunsmile
FB ... du wees net waat daat ass??? ... géi emol méi oft eraus !! tongue
facebook
gtaddei1 24.09.2016 - 23:05
eraus... machen ech ... net oft oft ... mé oft genuch...
Fatzebuch ... mengste daat wär ok... ?

Iwerwachen... an dann ... dei gin vir Voyeurismus ungekloot
JADE 25.09.2016 - 01:31
ass och eng Idee, ok smile
gtaddei1 25.09.2016 - 22:26
smile
Nicon07 18.09.2016 - 21:52
18.09.2016, 21:45 Auer; dës Foto ass 1080 mol gekuckt gin, an nëmme 50 Kommentarer, wou, wann een eist " privat Gestëtonguepels" zu 3 ausklamert, ±15 Kommentarer séch mat der Foto beschäftegen, dat fannen ech schon e bëssen traureg. Ok! Ech schreiwen och nach laang nit bei all Foto ee Kommentar, mais bei der Zuel vun de Memberen hei op dem site kéint awer e bëssi mi Kommunikatiounsfreedegkeet sin, oder? Wéi gesäis du dat, Gennaro? Well dat hei ass jo awer keng 08/15 Foto, déi ee kuckt an duerno zu Daagesuerdnung iwwergeet.
gtaddei1 19.09.2016 - 17:56
Ben Niko .. ech sin och elo net emmer deen granz groussen Kommentausdeeler deen et get, mé hai an do... do lossen ech mech goen...
Den Kommentar valoriseiert d'Bild, an duerch d'Diskussioun kritt d'Bild ereicht eng bestemmten Realiteit... an wann een richtescht beobacht dann gesäit een dass oft Kommentarer just nemmen op den direkten visuellen Effet sech bezitt an net un d'Intentioun vum Fotograf...
Kloer eng Natur Foto dei richtesch flott gelongen ass, ass oft mat engem Staunen ze apprecieiren ( an do wees een jo dass do en enormen Quantum un Arbescht dohannert stecht) ...
Dei mei subtil , analysen sin en effet mei rare well d'intentioun vum Fotograf net verstanen get oder et ass keng do. Kontextuel Fotoen gleichen enorm den net Kontextueller... et haengt oof vun wiem se kommen...
An dofir ass oft de Kommentar an den Geigendkommentar ganz wertvoll ...
Daat negmatescht Spillen ass awer oft grad esou flott

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 415 Gäscht online